De Restaurant Archibald De Prince an d’Maison B ginn Ufank November op

© Isabelle Henschen
No gréisseren Ëmbauaarbechte ginn zwou bekannten Adressen an engem neie Look a mat neiem Numm op.
Zwou verschidde Koppelen, déi an der Lëtzebuerger Gastronomie-Zeen bekannt sinn, wäerten ab Ufank November déi éischt Clienten accueilléieren. Fir déi eng ass et den éischten eegene Restaurant a fir déi aner den Drëtten.
Aus dem Restaurant-Hôtel « Au Vieux Moulin » zu Lauterbuer gëtt Archibald De Prince – Table & Chambres. Aus dem BOOS um Biergerkräiz gëtt d’Maison B.
Den 1. November wäert de Kach Archibald De Prince säin éischten eegene Restaurant zesumme mat senger Fra, der Rachel De Prince, opmaachen. De Restaurant ass zu Lauterbuer, do, wou fréier de Restaurant-Hôtel «Au Vieux Moulin» war. Si hunn ëmgebaut, renovéiert a wäerten elo vun donneschdes bis sonndes e Menü zerwéieren a 6 Hotelszëmmer ubidden. Allen zwee hu se d’Hotelschoul zu Namur gemaach, wou se sech och kennegeléiert hunn, duerno hu si Erfarung am Ausland gesammelt an déi lescht 8 Joer am Stäre-Restaurant «La Distillerie» zu Buerglënster geschafft. Den Archibald De Prince war do Sous-Chef. Dëst Joer huet den 33 Joer ale Belsch beim internationale Kachconcours Bocuse d’or representéiert. Gebuer ginn ass hien zu Bréissel, mee am Alter vun 1 Joer mat sengen Eltere geplënnert. Hie wëll eng gehuewe Kichen a Form vun engem Menü ubidden a plangt eng Wäikaart mat méi wéi 500 Referenzen. Bis zu 35 Couverte kënne si am Haaptsall an 18 Leit an engem privatiséierte Séparé zerwéieren.
De 6. November wäert d’Maison B um Biergerkräiz opgoen. Zënter méi wéi 100 Joer kann een op dëser Plaz schonn iessen an drénken, nodeems d’Lokal vill Joren ënnert dem Numm BOOS bekannt war, ginn d’Dieren elo mat engem neie Konzept op. Et wäert eng modern Brasserie ginn, déi vu mëttwochs bis sonndes soll op sinn. Fir d’Aline Bourscheid an de Clovis Degrave gëtt et den drëtte Restaurant, dee si renovéieren a geréieren. 2017 hu si d’Hostellerie de Grünewald an d’lescht Joer de Restaurant Grünewald Chef’s Table opgemaach, wou de Clovis Degrave och Kichechef ass. An dëser Kiche wäert de Clovis Degrave, de vu Gault&Millau zum « jeune chef de l’année 2024 » gewielt ginn ass, allerdéngs net stoen, mee hie leet d’Ekipp a schafft zesumme mat hinnen d’Kaart aus. Bis zu 150 Couverte kënne si pro Service zerwéieren.
E gréissere Reportage iwwert déi zwee Restauranten a béid Koppelen erwaart iech sonndes den 10. November am kulinaresche Magazin "Gusto".