Dubai Schockela "made in Lëtzebuerg"
De gehypten an deiere Schockela ass aktuell just ganz schwéier ze kréien. Ma e gëtt antëscht och hei am Land hiergestallt.
Bis elo huet een entweder missen iwwer d’Grenz fueren, fir en ze kafen, oder online bestellen: de sougenannten Dubai Schockela. E Schockela gefëllt mat enger Pistaschcrème an Engelshoer, deen op de soziale Medien zanter Méint fir vill Opreegung suergt. Ma elo gëtt et den Dubai Schockela och "made in Lëtzebuerg".
Mat engem Video op der Plattform TikTok huet alles ugefaangen. Ze gesinn: eng Influencerin, déi Schockela ësst. Iwwer 90 Millioune Mol gouf de Clip bis haut gekuckt, an huet e weltwäiten Hype ausgeléist – ronderëm de sougenannten "Dubai Schockela". A lo ass den Trend och zu Lëtzebuerg ukomm. Zanter dem 1. November verkeeft eng Chocolaterie an der Stad hiren eegenen Dubai Schockela.
Nathalie Bonn: "D’Leit kommen awer eran a froen, zemools hei vis-à-vis vum Palais. Do si jo vill Touristen ënnerwee, déi et och an anere Länner gesinn hunn. Um Ufank hunn ech et komesch fonnt, mee entretemps sinn et der sou vill, déi gären einfach wéilte probéieren a schmaachen, an d’Geleeënheet net hunn, op Dubai ze fléien oder en iergendwou anescht ze kréien. Also hu mir gesot, 'ok da passe mir eis un a maachen dat'."
D’Original gëtt et effektiv just zu Dubai. Et gëtt weder een Online-shop nach ee physescht Geschäft. Et kann een den exklusive Schockela nëmmen iwwer d’Plattform Deliveroo bestellen, an dat zu ganz spezifeschen Auerzäiten. D'Offer ass deemno immens reduzéiert, d'Demande awer grouss. Kee Wonner, dass mëttlerweil vill aner Hiersteller hir eege Variant vum knusprege Schockela mam orientaleschen Touch proposéieren. D’Basisrezept dovun ass dobäi eigentlech näischt Neies méi – op d’mannst am arabesche Raum, wou déi selwecht Ingredienten an aneren Desserte scho matenee kombinéiert ginn.
Den Haaptingredient vum Dubai Schockela, d'Pistasch, wier schonn ëmmer een Dauerbrenner gewiescht, esou d’Nathalie Bonn, déi ëmmerhin zanter 17 Joer am Schockelasbusiness ass. Wat bei der gehypter Séissegkeet vun Dubai awer extra ass, sinn d’Engelshoer. Ganz dënn Fiedem aus Deeg, déi dofir suergen, dass de Schockela knuspreg ass.
Nathalie Bonn: "Am Moment ass et wierklech schwéier, es ze kréien. Effektiv ass et bal iwwerall a rupture de stock, och am Ausland. Doduerch ass et natierlech immens deier ginn, fir et ze kréien. Et ass entretemps scho bal e Kampf, fir déi Engelshoer ze kréien!"
An der Reegel ass Dubai Schockela 4 bis 8 Mol méi deier wéi normale Schockela, jee nodeem ob en industriell oder artisanal hiergestallt ass. Deen héije Präis wier awer ganz einfach ze erklären, esou d’Nathalie Bonn vum Chocolate House. D’Matière Première, also de Schockela u sech, wier souwisou schonn immens deier ginn, erzielt d’Entreprenerin. An dann kënnt den Hype dobäi: "Et ass einfach d’Nofro an de Marketing, déi maachen, dass d’Leit dat alleguer wëllen hunn."
Ma huet dës Kreatioun eng Zukunft? D’Nathalie Bonn wëll den Haaptfokus vun hirem Geschäft elo mol net op den Dubai Schockela leeën. Si verkeeft den Trendschockela den Ament just a klenge Quantitéiten.
"Ech denken, dass sech dat iergendwa verleeft an dann kënnt iergendeppes anescht, eppes Neies."

Dubai Schockela selwer maachen
Wiem den Dubai Schockela ze deier ass oder en onbedéngt eemol schmaache wéilt, awer net un eng Tablett kënnt, dee kann en och ganz einfach selwer doheem maachen.
Ingredienten:
- 150-200 g Vollmëllechschockela
- 100 g Engelshoer (Kadayif; kritt een an arabeschen Epicerien)
- 20 g Botter
- 125 g Pistaschcrème
- 1 TL Tahini (Sesampaste; kritt een an arabeschen Epicerien)
Zoubereedung
Schockela schmëlzen
De Schockela kleng hacken an am Bain-Marie bei schwaacher Hëtzt schmëlzen. D’Hallschent an eng Form ginn a verdeelen, an e klenge Bord vun ongeféier 1,5cm eropzéien. Am Frigo haart gi loossen.
Fëllung preparéieren
Engelshoer kleng schneiden a mat Botter an der Pan goldbrong ubroden. D’Engelshoer mat der Pistaschcrème a mam Tahini an enger Schossel vermëschen. Ofkille loossen.
Schockela fëllen
D’Fëllung an d’Form ginn a glat sträichen, a mam Recht vum geschmolte Schockela iwwerdecken. Am Frigo haart gi loossen.
Optional kann ee fir d’Dekoratioun e puer Pistasche kleng hacken an driwwer streeën, oder wäisse Schockela schmëlzen an e Muster domat maachen.