Germaine Goetzinger, Bidla Buh an de Michel Collette
Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Bomien, Musek-Comedy a Beien.
D'Germaine Goetzinger huet d'Geschicht vun hirer Bomi an engem Buch vun der 'Association Femmes Pionnières du Luxembourg' bäigesteiert. "Eis Groussmammen - 15 Enkelinnen erzählen von ihren Grossmüttern' ass en interessant Dokument, un deem 15 Fraen aus dem aktive Liewen déi ganz perséinlech Geschicht vun hire Groussmammen mat dem Lieser deelen. Beschriwwen ginn ganz couragéiert Fraen fir déi Zäit, déi sech jiddereng op hir Manéier, engagéiert hunn, sief et fir d'Famill, sozial oder an der Ëffentlechkeet. An et geet och ëm d'Relatioun vu Fraen, déi elo an der Aktualitéit stinn, mat hirer Groussmamm an lieweg Erënnerungen un déi Zäit. www.femmespionnieres.lu

'Bidla Buh' maachen zanter 26 Joer Musek-Comedy a kommen mir hirer ongewéinlecher "Weihnachtsshow' den 22. Dezember op Maarnech. Den Hans Torge Bollert, Olaf Klindtwort a Jan-Frederick Behrend si Museker, déi op der Bün awer net just iwwerzeegen, well se hir Stëmm oder hir Instrumenter beherrschen, mee dobäi och eng Show bidden, déi hiresgläichen sicht. A speziell fir d'Fest vun der Léift geet et duerch de Repertoire vun de Chrëschtlidder aus der ganzer Welt an do bleift keen A dréchen. Si sangen als Bouwechouer, spillen Blockflütt, steppen op de Bing Crosby oder imitéieren den Udo Lindenberg, den Heino an d'Rolling Stones. www.cube521.lu

De Michel Collette, besser bekannt als 'Beiemich' huet 'Beien um Spigel fotograféiert a weist d'Resultat op enger Expo zu Ettelbréck. De Biobeienziichter vu Mäerzeg huet sech mat senger Kamera op d'Lauer geluecht an d'Beien festgehalen, wa se op engem Spigel landen oder drop sëtzen an huet festgestallt, dass si sech am Spigel erkennen. Den Hobbyfotograf vun 80 Joer, deen och vill am Centre d'écologie et de la jeunesse zu Huelmes an- an ausgeet, hält reegelméisseg Referater, wou hien explizéiert, wéi Beie matenaner kommunizéieren, an elo stellt hie mat 30 aneren Fotografen vum 13. bis 16. Dezember zu Ettelbréck an der Märei aus. www.pc-e.lu
