Jocelyne Wildenstein am Alter vun 79 Joer gestuerwen

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Grant Lamos IV
De Spëtznumm krut d'Schwäizerin duerch hiert Gesiicht, dat mat der Zäit ëmmer méi vu plastesch-chirurgeschen Agrëffer markéiert war.
Hiren 58 Joer ale Liewenspartner hat e Mëttwoch matgedeelt, datt d'Jocelyne Wildenstein "friddlech am Schlof" gestuerwe wier, dat schonn en Dënschdeg. Doudesursaach soll wuel en Häerzinfarkt sinn.
Enn vun de 70er Jore war d'Wildenstein (gebuer als Jocelyne Périsset) Deel vun der New Yorker High-Society ginn, wéi si sech mam Konschthändler Alec Wildenstein bestuet hat. Hir Scheedung Enn vun den 90er war turbulent verlaf, d'Jocelyne krut net nëmmen d'Gard iwwer hir zwee gemeinsam Kanner, ma och 2,5 Milliarden US-Dollar zougesprach.
Bekannt gouf si virun allem duerch hir sëllege plastesch-chirurgesch Agrëff, déi hiert Gesiicht mat der Zäit ëmmer méi gepräägt hunn. Vun der Boulevard-Press krut si wéinst der Form vun hiren Aen de Spëtznumm "Kazefra".