Barkeeperin an elengerzéiend Mamm krut 20.000€ Drénkgeld vum Post Malone

© AFP Symbolbild
Net jidderee ka fir d'Chrëschtdeeg doheem bei senge Léiwe sinn, vill Leit musse schaffen. Fir eng Mamm an den USA ass dat elo vläicht eriwwer.
D'Barkeeperin konnt fir Chrëschtdag net bei hirer Duechter bleiwen, ma dat huet sech fir si méi wéi bezuelt gemaach. E berüümte Museker huet hir nämlech eng extra grouss Freed gemaach an hir net just d'Feierdeeg verséisst. Den US-Museker Post Malone war op Hellegowend an der Bar, wou si deen Dag geschafft huet.
Frou war déi 36 Joer al elengerzéiend Mamm net, wéi si spéider an engem Interview géintiwwer der Musekszäitschrëft "Music Mayhem" verroden huet. Si wier immens traureg gewiescht, deen Dag hiert Meedche mussen eleng ze loossen. Ma wärend der Schicht wier du ganz onerwaart de Post Malone mat e puer Kolleegen an der Bar opgetaucht. Eleng dat wier schonn en Highlight gewiescht: "Dat huet d'Stëmmung an der ganzer Bar gehuewen. Et war sou flott, jiddereen esou glécklech ze gesinn".
Den 29 Joer ale Rapper wier bis an déi fréi Moiesstonne bliwwen. Wéi et ëm d'Bezuele goung, huet sech erausgestallt, dass d'Leit an der Bar an dem Museker seng Kolleegen sämtlecht Gedrénks bezuelt haten. A bei dëser gudder Dot sollt et net bleiwen. De Post Malone hätt dann awer nach no der Rechnung gefrot, fir kënnen en Drénkgeld ze ginn, sou d'Barkeeperin weider. Wéi dës Rechnung zeréckkoum, huet si net schlecht gestaunt. De Museker war méi wéi spendabel.
Net manner wéi 20.000 Euro Drénkgeld huet de Post Malone der elengerzéiender Mamm hannerlooss. Si hätt Tréine vu Freed an den Ae gehat an direkt Merci gesot. Mat dëse Sue kéint si hiert d'Liewe veränneren. Si wéilt ufänke mat Spueren an en eegene Betrib grënnen.