Kächin, Mamm a Bomi
Wou ass d'Léa Linster haut drun a wéi eng Pläng huet si fir d'Zukunft?
1982 huet d'Léa Linster, nom Doud vun hirem Papp, de Restaurant zu Fréiseng iwwerholl.
1987 krut si deemools hiren éischte Stär, zwee Joer dono, 1989, huet si de Bocuse d’Or gewonnen. Hiren Don, gutt ze kachen, huet si un hire Fils weiderginn. De Louis Linster ass dee jéngste Stärekach zu Lëtzebuerg a krut elo en zweete Stär.
Wéi verdreift si sech d'Zäit elo, wéi houfreg ass si iwwert den zweete Michelin-Stär vun hirem Fils Louis a wéi eng Pläng huet d’Léa Linster an nächster Zukunft nach? Fir op all dës Froen eng Äntwert ze fannen, ware mir si heem besichen.
Am meeschte gelies