Thomas Gottschalk zitt sech aus dem Entertainment-Beräich zeréck

© PHILIPP VON DITFURTH DPA/ dpa Picture-Alliance via AFP
Spéitstens, wann ee méi al wier wéi de Poopst, wier et Zäit, sech zeréckzezéien, esou den Entertainer.
Den Thomas Gottschalk wëll ee fir allemol e Schlussstréch ënnert seng Fernseekarriäre zéien. Den Entertainer huet e Samschdeg den Owend a senger Emissioun op RTL op säi 75. Gebuertsdag d'nächst Woch verwisen. Dat wier fir hien selwer de Punkt, "fir sech elo erauszehuelen", esou de Gottschalk. Ausserdeem misst Schluss sinn, "wann ee selwer méi al wier, wéi de Poopst". Enn des Joers soll et eng lescht Sendung ginn.
Den Thomas Gottschalk huet joerzéngtelaang moderéiert. Fir d'éischt beim Radio ma virun allem um ZDF mam Klassiker "Wetten dass...?", eng Emissioun, déi ganz Familljen an der Zäit samschdes owes gekuckt hunn an déi reegelméisseg vum Thomas Gottschalk iwwerzu gouf. Zanter 2018 stoung hien um däitschen RTL virun der Kamera, zesumme mam Günther Jauch an dem Barbara Schöneberger.