D'Tëlee-Moderatorin a Sängerin Naddel ass dout. Déi laangjäreg Partnerin vum Dieter Bohlen ass der Bild no e Freideg an engem Spidol zu Hamburg gestuerwen

D'Nadja Abd el Farrag, déi och als "Naddel" bekannt war, ass der Bild-Zeitung no den 9. Mee an enger Klinik zu Hamburg am Alter vu 60 Joer gestuerwen. Wéi d'Bild schreift, hätt en Organversoen zu hirem Doud gefouert.

Bekannt gi war d'Nadja Abd el Farrag als Backgroundsängerin vum Dieter Bohlen sengem Musekprojet Blue System. Vun 1989 bis 1996 a vun 1997 bis 2001 waren déi zwee eng Koppel.

Vun 1999 bis 2000 hat d'Naddel als Moderatorin d'Format "Peep!" um däitschen RTL2 presentéiert. 2004 war si beim Dschungelcamp. Donieft war d'Nadja Abd el Farrag ëmmer nees a Reality-TV-Formater wéi "Ich bin ein Star - Holt mich hier raus", "Big Brother" oder "Promiboxen" ze gesinn an huet eng Rei Lidder erausbruecht.

Déi lescht Joren huet d'Naddel un enger Liewerzirrhos gelidden, wéi een an hirer Autobiografie vun 2018 konnt liesen. Doriwwer eraus hat si laang mat Suen- an Alkoholproblemer ze kämpfen.