Dës Woch geet et ëm e Schoulprojet am Bangladesch, Musk-Zwillingen, Lafen an "Bauer sucht Frau".

D'Annick Majerus huet bei engem Schoulprojet mat Schüler an anere Proffen, Kontakt mam Bangladesch geknäppt. 'Connected Schools' ass eng Zesummenaarbecht vum Nordstadlycée mat der ONG Friendship, wou de Klimawandel am Bangladesch am Mëttelpunkt steet. Schüler vun der Klass 3GSW mam Schwéierpunkt 'Sciences sociales' waren sur place an hu sech informéiert, wéi et mat der nohalteger Entwécklung steet, an dat Wëssen gi si elo ënner anerem mat Hëllef vun engem Film virun. https://friendship.ngo/what-we-do/

RTL

Den Hugo One ass u sech Museker, ass awer duerch säi frappante Glach mam Elon Musk weltwäit bekannt ginn. Mat 6 Joer huet hien scho festgestallt dass Musek seng Passioun ass an zanterhier séngt hien, beispillsweis an der Philharmonie oder mam Anastacia am Atelier. 2024 huet hie sech och fir den LSC gemellt, wou et awer leider net duer gaangen ass fir op déi grouss Bün, awer hie konzentréiert sech virun op d'Musek a säin neisten Hit heescht 'Shivers'. www.hugoone.com

RTL

De Gilbert Dantzer leeft muer als 'Jesus' de Nuetsmarathon mat. Iwwer 330 Marathonen huet hie schonn hannert sech bruecht an doriwwer eraus ass hie schonn 1.500 Coursen gelaf. Hie fillt sech wuel, wou d'Stëmmung gutt ass an Iessen an Drénken garantéiert sinn. Dëse Samschdeg geet hien wéi 17.000 aner Leefer un den Depart vum 18. Nuetsmarathon, just dass hien duerch seng Verkleedung a säin Kräiz en Highlight ass. www.ing-night-marathon.lu

RTL

De Michael Kaufmann huet bei 'Bauer sucht Frau' matgemaach an ass elo vill gefrot. Mat sengen 1,97m fält hien net just wéinst senger Gréisst op, mee de Sunnyboy ass och deen éischten bisexuelle Kandidat an der Geschicht vun der Sendung vum Inka Bause. Aussergewéinlech ass awer och, dass um Haff vu sengen Elteren all Kou en Numm huet an hien d'Familljegeschicht kennt. Hien ass e leidenschaftlechen Dänzer a war och Kandidat bei 'Splash! - Das Promi-Pool-Quiz' mam Sophia Thomalla. www.instagram.com/michael_kaufmann_kfv/?hl=de

RTL