Zesumme mam Beckham goufen och den "The Who"-Sänger Roger Daltrey an de britteschen Acteur Gary Oldman zum Ritter geschloen.

Den englesche Futtballstar David Beckham ass vum Kinnek Charles III. zum Ritter geschloe ginn. De brittesche Kinnek éiert de 50 Joer alen Ex-Sportler domadder esouwuel fir seng Futtballkarriär wéi och fir säi karitatiivt Engagement. De Beckham dierf elo den Titel "Sir" unhuelen a seng Fra Victoria, fréiere Member vun der Poppgrupp Spice Girls an aktuell erfollegräich Entrepreneure, gëtt zu der Lady Beckham.

De Beckham huet am ganzen 115 Mol fir déi englesch Nationalekipp gespillt a war jorelaang hire Kapitän. D'Fräistéiss vum Englänner si legendär. De 50 Joer ale Beckham ënnerstëtzt méi karitativ Organisatiounen, ënner anerem dem Charles seng "King's Foundation". De leschte Mount stoung hien op der Lëscht vun de weltwäit honnert aflossräichste Mënschen am Wueltätegkeetsberäich vum US-Magasinn "Times".