Liewen am gëllene Käfeg wier net ëmmer einfach gewiescht, sou de Grand-Duc. Accordéiert Interviewe mat Lëtzebuerger Press op leschter Ligne droite ofgesot.

Ganz zefridde wierkt eise Staatschef op der jéngster Editioun vum franséische Magasinn "Paris Match", wou hien op der Titelsäit mat enger Eil - engem "Hibou grand-duc" - poséiert. Am Hannergrond trount d'Schlass vu Veianen.

Am Artikel verréit de Grand-Duc Henri sechs Woche viru senger Ofdankung, dass et him "de mieux en mieux" geet, hie sech lo ganz fräi fillt a vollt Vertrauen a säi Fils Guillaume huet, deen d'Funktioune vum Lëtzebuerger Staatschef den 3. Oktober offiziell iwwerhuele wäert.

RTL

"Roadtrips uechter Europa - Motorradstouren am Himalaya"

Och d'Grande-Duchesse Maria Teresa ass beim Interview dobäi, zielt vun der grousser Verbonnenheet vun der Koppel, dass si mat hirem sozialen Engagement wäert virufueren, grad wéi de Grand-Duc Henri sech weider fir den Ëmweltschutz wëll asetzen a sech méi am Internationalen Olympesche Kommitee engagéiere wëll.

De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa wäerte sech am Schlass vu Fëschbech néierloossen, do wou hir Kanner opgewuess sinn. D'Koppel freet sech op hir nei Fräiheet a gëtt zou, dass et net ëmmer einfach war, an engem "gëllene Käfeg" gelieft ze hunn. An deem Sënn verréit d'Maria Teresa dem "Paris Match", dass si vu "Roadtrips uechter Europa" dreemt, den Henri vun "Tier mam Moto am Himalaya".

Och wa villes, wat am Artikel steet, och schonn a fréieren Interviewe gesot gouf, kéint een als Vertrieder vun der Lëtzebuerger Press schonn e wéineg jalous ginn, dass de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse no 25 Joer un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Land der auslännescher Press esou een "intimen Abléck" an hiert Liewe bidden, iwwerdeems déi national Presseorganer ee fir den 13. Juni geplangten Interview mat der groussherzoglecher Koppel am Kader vum Trounwiessel kuerzfristeg ofgesot kritt haten. Dat mam Argument, d’Format géif der groussherzoglecher Koppel net méi zousoen.

All Ufro vun RTL fir de Grand-Duc an / oder d'Grande-Duchesse virum Trounwiessel a Form vu Reportagen ze begleeden, fir dem Lëtzebuerger Public ze vermëttelen, wéi et hinnen no 25 Joer Règne mat villen Héichten an Déifte geet, wéi si dës Zäit erlieft hunn, wéi eng Zukunftspläng se hunn, wat hir Suergen a Wënsch fir Leit a Land sinn - all déi Ufroe goufen bis lo leider refuséiert. Mee mir ginn d'Hoffnung net op.

Eng Eil steet iwwregens symbolesch fir Weisheet a Wëssen, gëllt an deenen enge Länner als Glécksbrénger an an aneren als Onglécksvugel.