Vu Gréiwemaacher op Wolz, Stengefort, Diddeleng bis an d’Stad: 12 Stonne laang wäert déi nei groussherzoglech Koppel de 4. Oktober ënnerwee sinn.

Mir hunn een Abléck gehat, an dat, wat deen Dag wäert lass sinn.
 
Wärenddeem  an den Hale vun der Luxexpo méi wéi 30 Museker prouwen an Tram-Parcourse mat Honnerte vu Leit simuléiert ginn, ass een zu Diddeleng mat Danz-Performancen an zu Wolz mam Dekoréiere vun Tellere beschäftegt.
D’Prouwen a Virbereedunge lafen zënter Wochen op Héichtouren, well, a méi wéi enger Woch hu mir een neie Grand-Duc zu Lëtzebuerg. Säin éischte Schaffdag soll mat enger Tournée duerch d’Land gefeiert ginn.

Zu Diddeleng, um Site Neischmelz, gëtt zënter dem Summer, a méi intensiv an de leschte puer Wochen am Container vun der  Danzschoul geprouft. De Passage vum neie Grand-Duc an der Südgemeng soll nämlech vun enger inklusiver Danz- a Museksshow begleet ginn. Eng Rei Artisten, esou wéi och d’ Museksschoul vun Diddeleng oder d’Zirkusschoul huelen un der Wanderchoreografie op der Place Thierry Van Werveke deel. Vill Aarbecht, woubäi d’Danz-a Museksshow nëmmen een Deel vum Programm zu Diddeleng wäert sinn.

Zil ass et, aus der feierlecher Tournée vum Grand-Duc e grousst Volleksfest ze maachen. An dat net nëmmen zu Diddeleng. Ugefaangen zu Gréiwemaacher géint 12:30 Auer, dat ass den éischte Stopp fir déi nei groussherzoglech Koppel. Si sinn dann op Visitt am Stadion  “Op Flohr”.

Duerno, géint 14.20 Auer, geet et weider op Wolz,  an den Amphitheater vum Schlass, wou ee ganz besonnesche Video gewise gëtt an dräi musikalesch Optrëtter presentéiert ginn. Zënter Woche schonn hu Kanner a Senioren aus der Gemeng an de Nopeschgemenge fläisseg Tellere bemoolt, fir d’Visitt vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie. Am Ganze sollen et 1.000 Tellere sinn, déi de 4. Oktober fir dat grousst Iessen an der Groussgaass agesat ginn. “Huelt Plaz un eisem Dësch”, heescht et dann zu Wolz.

Géint 16.20 Auer soll d’Koppel dann zu Stengefort ukommen, fir eng Visitt am Hôpital Intercommunal. An eréischt duerno geet et weider op Diddeleng op de Site Neischmelz, éier datt den Ofschloss vun der Tournée da kuerz no 20 Auer an der Stad agelaut gëtt. Do sinn ee Spektakel op der Rouder Bréck an eng Zeremonie mat Drone-Show a Concert um Glacis.

Et ass ee Mammutprojet, eng Tournée, déi ronn 12 Stonnen dauert a Live op der Tëlee iwwerdroe gëtt.  Alles muss wéi um Lafband am Virfeld geplangt a geprouft ginn – sief et d’Danz-Performancen, Concerten, d’Koordinatioun mat den Trammen oder d’Interventioune vun de sougenannte Marrainen a Parrainen.

Fir déi Leit, déi den Dag selwer net kënne bei der Feierlecher Tournée mat dobäi sinn, kënnen dat op RTL -  doheem op der Kusch oder um Public Viewing zu Wolz oder Diddeleng mat verfollegen.

Méi Infoen zum Programm vum Trounwiessel fannt dir op www.trounwiessel.lu