Den Tripartitesaccord steet, no dräi Deeg vu Verhandlunge sinn d'Regierung an d'Sozialpartner sech eens ginn. Mam Mesurëpak, deen decidéiert gouf, wéilt een d'Leit entlaaschten, ouni d'Betriber ze belaaschten.
De gréisste Batz vum Pak maachen d'Hausse vum Mindestloun, déi iwwert e Steierkredit iwwerholl gëtt, an d'Upassung vum Barème un d'Inflatioun aus.
D'Ëmsetzung vun de Mesuren aus dem Accord soll de Staat bis Enn d'nächst Joer eppes ëm déi 450 Milliounen Euro kaschten. Wat bedeit dat fir d'Staatsfinanzen a wéi wäerte sech de Steierkredit an d'Upassung vum Barème am Portmonni vun de Leit bemierkbar maachen? Doriwwer schwätze mir en Donneschdegowend mam Gilles Roth. De Finanzminister ass eise Live-Invité am Journal op der Tëlee.
Virdru presentéiert Iech de Pierre Jans déi eenzel Mesuren aus dem decidéierte Pak an engem Punkt-fir-Punkt.