Vum Prënz zum Grand-Duc
Et ass um Nationalfeierdag 2024, op deem de Grand-Duc Henri annoncéiert, dass et Zäit wier, fir säin eelste Fils op säin zukünftegen Rôle ze preparéieren.
Nëmmen e puer Méint drop, am Oktober 2024 gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume Lieutenant-Représentant. Als Stellvertrieder vum Grand-Duc Henri ass et seng Aufgab mol virop, Arrêtéen ze ënnerschreiwen an vereenzelt Staatsvisitten ze iwwerhuelen. Aneschters wéi soss, huet den Ierfgroussherzog sech dozou entscheet, fir säin Eed virun der ganzer Chamber an enger ëffentlecher Sitzung ofzeginn.
Den 11. November 1981 erbléckt de Prënz Guillaume d‘Liicht vun der Welt a steet scho vu Klengem un an der Ëffentlechkeet. Als éischt Kand vun der groussherzoglecher Koppel ass säi Wee virgeschriwwen. Hien ass destinéiert enges Dages de Rôle vu sengem Papp ze iwwerhuelen an domadder Grand-Duc vu Lëtzebuerg ze ginn. Ma bis dohinner wollte seng Elteren him awer eng sou normal wéi méiglech Kandheet ginn. No 6 Joer an der Primärschoul zu Luerenzweiler, fänkt de Prënz Guillaume op 7ième am Lycée Robert Schuman um Lampertsbierg un. Mat 16 Joer sollt et dunn awer fir de Prënz weider an d‘Internat an d‘Schwäiz goen. Fir d‘éischt an den Institut Le Rosey an duerno an de Collège Alpin Beausoleil, wou hien och seng Première gemaach huet. Weider geet et op d’Royal Military Academy op Sandhurst a Groussbritannien. Och dat e wichtegt Kapitel fir seng Zukunft.
Mam Titel vum Grand-Duc iwwerhëlt hien och vu sengem Papp den Titel vum Chef de l‘Armée. Hien ass um Kapp vun der Lëtzebuerger Arméi, kann awer keng direkt Uerderen erausginn, mee ënnersteet der Responsabilitéit vun der Regierung. Ma hie representéiert op der internationaler Bün d‘Lëtzebuerger Land. Zwee Joer virdrun mat nëmmen emol 19 Joer gëtt de Prënz Guillaume zum Ierfgroussherzog. Gutt zwee Méint, nodeems säi Papp neie Grand-Duc ginn ass, den 7. Oktober 2000.
Um familiäre Plang huet den Ierfgroussherzog seng grouss Léift fonnt. Am Abrëll 2012 gëtt hien d‘Verlobung mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bekannt an e Marathon un Rendez-vousen mat der Presse steet um Programm. Nëmmen 6 Méint drop invitéiert den Haff op d‘Prënzenhochzäit an d‘ganzt Land ass aus dem Haischen. An hiert Gléck ass da richteg perfekt, mat der Gebuert vum klenge Prënz Charles am Mee 2020. 3 Joer drop kënnt säi klenge Brudder, de Prënz François op d‘Welt. D‘Famill ass komplett an d‘ierfgroussherzoglech Koppel genéisst hiert Liewen tëscht hirem Doheem zu Fëschbech an den offiziellen Aufgaben als ierfgroussherzoglech Koppel.
Vum Prënz zum Grand-Duc. E virgezeechente Wee – eng Gratwanderung tëscht ëffentlecher Flicht a privatem Familljepapp. Mam Guillaume als Grand-Duc fänkt en neit Kapitel un an der Geschicht vu Lëtzebuerg.