En neie Logo an e "Branding" fir den neie Grand Duc
Hannert dem groussen Evenement vum Trounwiessel stécht och e komplett neie Branding.
Den Trounwiessel ass eng Traditioun, déi dëst Joer zu Lëtzebuerg vill Leit usprécht. Mee hannendru stécht net nëmmen d’Feierlechkeet, mee och e ganze Branding: Logoen, Symboler an eng Bild Sprooch, déi de Geescht vum Trounwiessel sollt an d’Ëffentlechkeet droen.
Iwwer 100 Entreprisen hu sech gemellt, fir hei matzemaachen. Esou hunn d’Organisateuren dëst Joer eng nei Identitéit presentéiert: modern, awer mat engem Réckbléck an d’Geschicht. Am Zentrum steet eng Kroun, e Logo, dee sech un historesch Elementer orientéiert. Dat an dësem Fall awer kombinéiert mat frësche Faarwen. Sou gëtt d’Traditioun net nëmmen erhalen, mee och un déi nächst Generatioun weiderginn.
Ob Tasen, Glieser, Käerzen,Gin, Kichendicher, Puzzelen, Béier, Glieser oder Cremant, Bicher fir d’Kanner fir ze molen: et ginn eng jett Produiten, déi d’Identitéit vum Trounwiessel méi gräifbar maachen. Si bidden de Visiteuren eng Méiglechkeet, e Stéck vum Trounwiessel mat heem ze huelen an dat och nach fir de gudden Zweck: En Deel vum Erléis geet un d’Fondatioun vum Grand Duc an der Grand Duchesse.