Mir sinn zeréck op eisem Späicher. En neien Dekor, ma déi nämmlecht Iddi: Mir dréinen d’Auer zeréck a kucke mat eisen Invitéen an hir Vergaangenheet.

Dës Woch ass een exzeptionelle Sportler bei eis um Späicher. Hie kuckt op zwou Olympia-Participatiounen, siwe Welt- an néng Europameeschterschaften zeréck. An huet d'lescht Joer no den Spiller zu Paräis seng Karriär definitiv un den Nol gehaangen. "Ech hunn et net eng Sekonn vermësst", geckst de Sportler.
 
Wéi ass de Bob Bertemes iwwerhaapt dozou komm, fir "Bommen" ze stoussen?
 
Mat fënnef Joer huet hie mam Sport ugefaangen.
 
"Wann et och schonn éischter gaange wier, hätt meng Mamm mech och schonn éischter an den CA Bieles gestach. Ech hat vill Energie", erkläert de Bob Bertemes.
 
Richtung Bommstousse goung et dunn duerch de grousse Brudder, dee schonn am Worf-Grupp bleiwen.
 
"Ech kennen deng Elteren, ech kennen däi Papp, du wäerts net ëmmer sou kleng a schmächteg bleiwen."
 
Wat huet den Ex-Profi-Sportler mat Pokémon um Hutt?

Wat huet hie gär a senger Jugend duerch d’Kopfhörer schale gelooss?
A wat behält hien no 14 Joer am Profi-Sport als schéinsten Ament zeréck?
 
"Gepëspers um Späicher" leeft all Méindeg um 19 Auer op der Tëlee bis de 15. Dezember inclus, plus zwee Mol sonndes den 23. November an den 7. Dezember.

Mat dobäi an dëser Staffel si Sportler, Schauspiller, e Geschäftsmann a Politikerinnen.    
 
All d’Episode vun der éischter Staffel Gepëspers um Späicher fannt Dir hei.