De President vun der Horesca, Alain Rix, erënnert u seng Zäit am Internat, wou hien e Lavabo an d'Luucht gesprengt hat.

Am "Café des artistes" beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel geet et ëm d'Scouten, wéi se en "Donnerbalken" ugeseet haten. Hien erënnert sech un eng plakeg Cliente wärend dem Stage. Et geet ëm seng Zäit an der Schwäiz, wou hie wéinst onbezuelte Protokoller iwwer e Joer kee Fouss méi huet iwwer d'Grenz dierfe setzen an d'Gespréich kënnt op e verluerene Fürerschäin an eng Barrière, déi wéinst senger d'Expogast net iwwerlieft huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.