Vun Amy bis Zoé

Op der Stater Gemeng sinn 2014 ronn 5000 Puppelcher ugemellt ginn. Interessant ass, datt ëmmer méi aussergewéinlech Nimm erausgesicht ginn.
Déi beléifste Virnimm fir Meedercher:
Emma
Lara
Zoé
Amy
Sarah
Emilie
Charlotte
Déi beléifste Virnimm fir Jongen:
Gabriel
Leo
Luca
Noah
David
Tom
Ben
Samuel
Ënner all de méi a manner speziellen Nimm waren der zwee esou aussergewéinlech, datt si refuséiert gi sinn: Fanta an Deimos.
Bei eisen däitschen Nopere gesäit d'Lëscht ganz ähnlech aus. Hei fënnt een Emma, Mia an Hanna bei de Meedercher - a Ben, Louis a Paul op den éischte Plazen.
Am Hexagone heeschen déi meescht Jongen, déi 2014 gebuer gi sinn Luca(s), Raphael an Nathan. Bei de Meedercher waren déi beléifsten Nimm Emma, Louise a Jade.