D'Fernseh-Speakerin a Publizitéits-Star Verena Pooth ass schwanger a schonn am véierte Mount. D'Kand soll am Juli op d'Welt kommen.

Et wier en absolut Wonschkand, confirméiert d'Verona Pooth, ma virun der Schwangerschaft hätt hatt schonn eng Fausse-couche gehat. Fir d'Verona war dat eng ganz schlëmm Erfahrung an hatt wënscht dat nach net emol sengem schlëmmste Feind. Eenzegen Trouscht wier gewiescht, dass dat nach an engem ganz fréie Stadium geschitt wier.

An de leschten zwee Joer war et net ëmmer einfach: Säi Mann Franjo war wéinst enger Skandal-Affär ronderëm seng deemoleg Firma, zu Prisong op Sursis an enger Geldstrof veruerteelt ginn. Laang Zäit huet et doropshi geheescht, d'Famill wier a Geldnout.

D'Koppel huet schonn en 7 Joer ale Bouf, den Diego. Ob dat zweet gemeinsamt Kand e Meedchen oder Jong gëtt, weess d'Verena awer nach net. Si wëlle sech iwwerrasche loossen.