Vietnam
Patient hat 18 Joer laang OP-Schéier am Bauch

Bei enger Operatioun hat de Chirurg seng Scheier am Bauch vu sengem Patient vergiess.
Virun e puer Deeg krut de 54 Joer ale Ma Van Nhat an enger Operatioun, déi 3 Stonne gedauert huet, aus sengem Bauch erausoperéiert.
Den Nhat war 1998 no engem Autosaccident operéiert ginn. Bal 18 Joer laang hat de Mann keng Problemer an huet ganz normal gelieft. Virun e puer Wochen dunn huet hie geklot, datt hien de Bauchwéi hätt an hie gouf ënnersicht. Beim Ultraschall ass festgestallt ginn, datt hien d'Schéier nach a sengem Bauch hat.
D'Autoritéiten hunn zanter der rezenter Operatioun probéiert, den Dokter ze fannen, deen d'Schéier am Bauch vergiess hat. Bis elo ass hinnen dat awer net gelongen.
Am meeschte gelies