Nei Etude recommandéiert Konsum schonn am Puppelchersalter

© AFP
Eng nei US-Etude recommandéiert, Puppelcher scho ganz fréi Produite mat Nëss ze fidderen. Et géif, anescht wéi gemengt, enger Allergie entgéint wierken.
Déi en Donneschdeg verëffentlecht Etude vum staatlechen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten (Niaid) widdersprécht an hire Resultater enger Recommandatioun vun der Amerikanescher Pediater-Akademie (AAP), dass Kanner eréischt an engem Alter vun 3 Joer un Liewensmëttel mat Spure vu Kackuette sollen iessen.
D'Niaid seet souguer, dass d'Entwécklung vun enger Nossallergie ebe grad duerch de fréie Konsum vun sou Produiten enger Allergie virbeugt. Eng Etude huet gewisen, dass de Risk vun enger Kackuettenallergie bei Kanner mat enger besonnesch héijer Ufällegkeet, déi schonn en Hautausschlag oder eng Ee-Allergie hunn, ëm 81% reduzéiert ka ginn.
D'Date vu 640 Kanner goufe bei dëser Etude ausgewäert. D'Puppelcher krute schonn am Alter vu 4 Méint Baby-Nahrung mat Spure vu Kackuette dran a bei all deene Kanner ass de Risk, eng Allergie ze kréien, erofgaang. Natierlech soll een dat eréischt da maachen, wann d'Kand ufänkt fest Nahrung, respektiv Bräi z'iessen, an dat hänkt och vun all Kand eenzel of.
Eng Noss-Allergie trëtt u sech am Kandsalter op a bleift e Liewe laang bestoen. Déi allergesch Reaktioune kënne souguer liewensgeféierlech ginn. Eleng an den USA gouf 2010 bei ronn 2% vun alle Kanner eng Allergie géint Nëss festgestallt, bal 4 Mol sou vill wéi 1999.
Déi Amerikanesch Pediater-Akademie ënnerstëtzt déi nei Recommandatioun iwwregens och.