Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Dës Woch huet den Dan Spogen et mat enger Ex-Ausseministerin ze dinn. Stéchwierder fir d'Colette Flesch si Porsche, Poschen, Politik a Pink Panther, awer och déi olympesch Spiller, de Kennedy an d'Queen gi mat der fréierer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg ugeschwat.

Mat um Dësch d'Anne Kaiffer, de Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel. Um Piano vum Café des Artistes den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.