
Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
Fotografie a Fetischismus bréngt ee mam Steve Braun a Verbindung, deen awer och als Etienne Braun bekannt ass.
Wéi eng Relatioun huet hien zum Paris Hilton, Patrick Swayze a Gérard Depardieu? Firwat huet en esou dacks d'Schoul gewiesselt a wat rechent hie senger Mamm bis haut héich un?
Alles dat si Froe vum Dan Spogen, Mike Fandel, Patrick Kayser, Laurent Gretsch a Raoul Roos.
Um Piano vum Café des Artistes den Erny Delosch.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.