Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Astronautin oder Dichterin wollt si ginn. Schlussendlech huet si sech fir Journalistin a spéider Politikerin entscheet. Beim Dan Spogen am Gespréich zielt si, wéi si zu Esch op der Gaass grouss ginn ass, wéi si mat der Gittar duerch Europa gezunn ass, firwat si sou frou mam roude Wäin ass a wéi si mat 3 Bouwe Multitasking geléiert huet.

Gutt gestaunt hunn de Mike Fandel, Patrick Kayser a Raoul Roos. Um Piano vum "deen anere vis-à-vis" de 15. November den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL.