Déi nei Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Ex-Fussballprofi Roby Langers huet vill schéin Erënnerungen an Anekdoten op Lager. Hie stoung mat engem Lothar Matthäus an Zizou um Terrain, an huet mat der Nationalekipp géint de "Waldmeister" gespillt. Hien zielt dem Dan Spogen awer och, dass e wéinst engem Match d'Gebuert vu sengem Bouf verpasst huet an dass se him eng Kéier en Denkmal opriichte wollten.

Mat opgelaf sinn de Mike Fandel, Patrick Kayser a Raoul Roos. Um Piano de 15. November am "deen anere vis-à-vis", den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL an op RTL Play.