D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

D'Léift zum Fussball huet de Manuel Cardoni vu sengem Papp Furio geierft. Am Gespréich mam Dan Spogen beschreift hie säi Wee vu Rëmeleng bis an déi national Fussballschoul. Déi schéi Momenter mat de Kolleegen, awer och seng Zäit als Profi bei Bayer 04 Leverkusen kommen net ze kuerz.

Interessant ass natierlech och, wat nom Match an nieft dem Terrain gelaf ass, wou hien seng Fra kennegeléiert huet, dass hie keng Trikote sammelt, a firwat hien de Pony ass. Kompetent Froe komme vum Mike Fandel, Patrick Kayser a Raoul Roos. Piano: Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder hei op RTL an op RTL Play.

RTL