D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Henri Losch geet mat grousse Schrëtt op déi 90 duer, dovunner ass hien der eleng 66 Joer glécklech bestuet.

An der RTL City beim Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel verréit den Auteur, Acteur a Regisseur, wéi e Schoulmeeschter ginn ass, firwat en esou gär Theater spillt a wéi et am Casting vum "Superjhemp retörns" war.

Hie schwätzt awer och iwwer déi batter Krichsjoren, iwwer de Film "Déi zwéi vum Bierg" an zielt säi beschte Witz. Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL