16 500 Euro sinn u véier benevole Vereenegunge verdeelt ginn

"Am Kader vun enger klenger Feierstonn, koum et viru kurzem zu enger grousser Scheckiwerreechung an der Buvette vun der Sportshal zu Biekerech. Agaangs huet de Georges Conter, fréieren President vun der LASEP- Sektioun erklärt, dass de Comité unanim zum Entschloss koum, fir de Rëscht vun de Suen aus der Kees no der Opléisung vum Veräin fir e gudden Zweck ze spenden. Merci fir de Scheck vun 6 000 Euro huet de Sébastien Hamel mam Denise Bonenberger gesoot, den dem „relais pour la vie – Team Sandy“ zugut könnt. Fir d’Fondatioun „Kriibskrank Kanner“ waren Denise Weimerskierch an d’Sylvie Bernardy och ganz frou, fir de Scheck vun 3 000 Euro entgéint ze huelen. Fir de Scheck vun 3 000 Euro, den fir d‘Vereenegung „Wonschstär“ bestëmmt ass, huet d‘Nicole Greiwelding sech häerzlich bedankt. Och d’Amicale vum CIS Bieckerech huet hire Beitrag mam Scheck vun 2 500 Euro fir „Wonschkutsch“ derzou bäigedroen. Fir dieselwecht Vereenegung „Wonschkutsch “ hun d’Sylvie an den Carlo Birscheidt Merci gesoot fir den 2 000 Euro Scheck vun der lokaler LASEP- Sektioun an hirem Sponsor. Nodeems dat all Scheckempfänger vun denen eenzelnen benevol Vereenegungen hir jeweilig Projeten am Detail erklärt hun, huet desen Owend bei einem gudde Patt a flotter Ambiance hirt würdigt Ënn fond." (Foto + Text: Charles Reiser)