5.000 € fir d'Fondation Cancer

Fir hire 25. Gebuertsdag huet de Stonefort Group seng Mataarbechter mobiliséiert an eng Solidaritéitsaktioun gestart, bei där all Schratt gezielt huet. Wärend engem Dag hunn si hir Schrëtt getrackt – an all Schratt gouf an eng Spend ëmgewandelt. D’Mataarbechter konnten dono ofstëmmen, u wéi eng Organisatioun d'Sue solle goen – a si hunn sech fir d’Fondation Cancer entscheet.
„Mir si frou, d’Fondation Cancer bei hirer wichteger Aarbecht z’ënnerstëtzen. Iwwer 24 Stonnen hu mir all Schratt gezielt an domat e konkreten a symbolesche Bäitrag geleescht – fir ze weisen, datt wierklech all Schratt zielt am Kampf géint de Kriibs.”, seet d’Lisa Müller, stellvertriedend Managerin an der Personalverwaltung bei Stonefort Reinsurance SA.
Am Laf vu 24 Stonnen ass eng generéis Spend vu 5.000 € zesummekomm. D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vu Stonefort Group stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet d’Missioune vun der Fondation Cancer kuerz virgestallt an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement.
Dës Aktioun erméiglecht der Fondation Cancer, hir Missioune weiderzeféieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.