„Mir beweegen eis fir aner Kanner staark ze maachen!“ – Sponsored Run vun der Biisser Schoul, am Kader vun der „Woch vum Sport“ vum 2. Bis 6. Juni 
Bei flottem Wieder an enger super Ambiance sinn d’Kanner aus de Cyclen 1 bis 4 motivéiert a mat vill Freed hir Ronnen um Sportsterrain zu Biissen gelaf. Ofhängeg vum Cycle sinn d’Schüler tëscht 15 a 30 Minutte gelaf – dobäi koumen eng ganz Partie Ronnen zesummen!
Duerch dëse Sponsored Run hunn d’Kanner Sponsore gesicht, déi si pro gelafener Ronn mat engem Geldbetrag ënnerstëtzt hunn. Den Erléis geet komplett un d’Associatioun "Een Häerz fir kriibskrank Kanner a.s.b.l.".
D’Schoulpersonal seet villmools Merci all de Kanner, Elteren a Sponsoren, déi dëst flott an hëllefsbereet Aktioun ënnerstëtzt hunn!