Den 28. Juli huet de Lions Club Luxembourg-Amitié der Blëtz a.s.b.l., déi sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, am Kader vun enger Soirée e Scheck an der Héischt vu 15.000 iwwerreecht. D’Suen heivir si wärend der Marche gourmande, den 9. Mee gesammelt ginn. 
 
D’Präsidentin Chantal Keller, d’Tresorière Nicole Backes-Walesch esou wéi d’ganz Equipe vu Blëtz soen dem Lions Club Luxembourg-Amitié vun Häerze Merci, dass si hir Präventiouns- a Sensibiliséierungskampagnen mat dësem Don ënnerstëtzen a virundreiwen.