Gemeng Sëll ënnerstëtzt "ONGD – Guiden a Scoute fir Eng Welt"

© Charles Reiser
Schreiwes
Sou wéi de Buergermeeschter Gérard Zoller am Ufank vun enger Gemengerotssëtzung erkläert huet, ass d’Gemeng Sëll gewëllt, all Joer eng gewëssen Zomm fir de gudden Zweck ze spenden. Fir dëst Joer war decidéiert ginn, fir "d’ONG Guiden a Scoute fir Eng Welt“ finanziell ze ënnerstëtzen. Mat engem opriichtege MERCI konnten d'Mady Abens an de Sven Clement de Scheck vun 2.500 Euro och gären entgéint huelen. An enger detailléierter Power Point Projektioun hu si der Gemeng Sëll déi vill Projeten zënter dem Joer 1987 ONGD Organisatioun zu Lëtzebuerg och virgestallt, déi sech mat hire Partner am Senegal, Niger, Bolivien an dem Cap Vert besonnesch asetzt. Dës Spend gëtt virun allem agesat, fir Projeten am Beräich vun der Educatioun am Senegal ze ënnerstëtzen.