Livestream aus dem Cercle
Ried zur Lag vun der Natioun vum Xavier Bettel
Et war déi 8. Ried zur Lag vun der Natioun, déi de Staatsminister Xavier Bettel en Dënschdeg an der Chamber am Cercle gehalen huet.

RTL-Artikel: De Resumé vun der Ried zur Lag vun der NatiounD’Chamberdebatten iwwert den Discours vum Staatsminister sinn e Mëttwoch de Mëtteg vun 13.30 Auer un an en Donneschdeg de Moie vun 8 Auer un am Cercle.

RTL-Programm um Mëttwoch an um Samschdeg

Um Radio gëtt d’Ried vum Xavier Bettel an engem Presseclub-Spezial vun 8.15 Auer u kommentéiert. Invitéë beim Roy Grotz sinn d’Chefredaktere vu Wort, Tageblatt a reporter.lu - de Marc Schlammes, den Dhiraj Sabharwal an de Christoph Bumb.

Eng Politiker-Ronn, déi den Etat de la Nation ënnert d’Lupp hëlt, empfänkt d’Caroline Mart um Mëttwoch den Owend no 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

De Staatsminister Xavier Bettel ass iwwerdeem e Samschdeg an der Mëttesstonn den Invité an der RTL-Emissioun “Background am Gespréich”.

De Liveticker vun der Ried zur Lag vun der Natioun

Back to Top
CIM LOGO