U sech ass gemenkerhand dem Staatsminister seng Deklaratioun iwwert d'Lag vun der Natioun am Fréijoer. Wéinst der Corona-Kris war se eréischt um Dënschdeg.

Lëtzebuerg stäerken, Chancen notzen a Perspektive schafen – sou war d'Deklaratioun zur Lag vun der Natioun iwwerschriwwen.

„Et ass grad elo, wou et zielt. Wa mer elo noginn an d’Reegelen net respektéieren, da waren all déi Méint fir näischt“, dat sot de Premier en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber.

D'Ried vum Premier war den Ufank vun der neier Chambersessioun. D'Chamber kënnt nach ëmmer am Cercle op der Plëss am Plenum beieneen, net um Krautmaart.

Coronavirus: Duerchhalen, oppassen a solidaresch ee mat deem anere sinn

Et heescht elo weidermaachen, duerchhalen, oppassen a solidaresch ee mat deem anere sinn. Fir weider de Virus an der Gitt ze halen. De Staatsminister huet widderholl, datt hien zur Strategie steet, déi Lëtzebuerg déi lescht Méint gewielt huet. D'Zuele géifen engem Recht ginn.

Et wär irresponsabel, d'Gefor vum Coronavirus erofzespillen an ze verharmlosen. An awer wier een aktuell an enger Situatioun, wou ee keng fundamental nei Mesurë géif brauchen. Dat och, well ee logistesch gutt opgestallt ass, esou huet ee méi Respirateuren am Land an och huet een nach 27 Millioune Masken op Reserve.

Ma souguer am Fall vun engem Enkpass kéint ee séier reagéieren, esou sinn um Kierchbierg an zu Esch Strukture fäerdeg ageriicht, fir zu all Moment Corona-Patienten ze behandelen.

Net den Ament, fir de Lëtzebuerger Modell a Fro ze stellen

De Premier huet d'Bestandsopnam gemaach vun den Hëllefen déi lescht Méint. Déi sollen deels och nom 31. Dezember eraus weidergoen. Kritesche Secteure kéint ee weider ënnert d'Äerm gräifen. Et hätt een um Dënschdeg an der Mëttesstonn gréng Luucht vu Bréissel kritt. Betriber kënnen en Deel vun de Käschte rembourséiert kréien. De Chômage partiel bleift bestoen.

Et wär ee bis ewell gutt duerch d'Kris komm. Dat Schlëmmst konnt duerch déi decidéiert Mesurë wéi Kuerzaarbecht, gezielten Hëllefen oder spezielle Congé evitéiert ginn.

Et wär net den Ament fir de Lëtzebuerger Modell a Fro ze stellen oder fir Politik politicienne ze maachen, sou nach de Premier.

Chômage bleift ee Suergekand

De Chômage bleift ee Suergekand, besonnesch de Chômage bei de Jonken, wou et eng Hausse vu bal 35% bannent engem Joer gouf. D'Regierung wëll deem mat spezielle Mesuren entgéintsteieren an esou hir Verantwortung iwwerhuelen. Dat huet si scho gewisen, bei den Tripartitte bei ArcelorMittal oder der Luxair

Keng generell Steierreform

„Et gi keng nei Steieren agefouert, déi net Deel vum Koalitiounsaccord sinn“, huet de Premier Xavier Bettel virum Hannergrond vun den aktuellen Diskussiounen iwwert Steiergerechtegkeet deklaréiert. De Koalitiounsaccord wier nach ëmmer "valide". Domadder wäert et d'nächst Joer also keng generell Steierreform ginn.

Am Accord steet awer, datt de Regime vu Stock Options a Warrants ofgeschaaft gëtt an datt Abusen mat den Immobiliëfongen, de sougenannte FISen op de Leescht geholl ginn. De Xavier Bettel huet elo d’Kaz aus dem Sak gelooss: vun nächstem Joer u sinn d’Regimmer vu Stock Options a Warrants ofgeschaaft. Wat d’Immobiliefongen ugeet ginn direkt an indirekt Revenuen aus Lëtzebuerger Immobilien zu engem Taux vun 20% besteiert.

De Premier huet weider bäigefüügt, datt d’Praxis vu „share deals“ bei deenen et drëm geet, Gebaier net direkt, mee steierbegënschtegt iwwer Gesellschaften ze kafen a verkafen méi „onattraktiv“ gemaach gëtt. Donieft gëtt bei de Sociétés de Patrimoine Familial, sougenannt SPF, explizitt verbueden iwwer aner Gesellschaften indirekt Immobilien ze halen.

Logementsministère kritt méi Budget

Ee weidert Stéchwuert war den abordabele Wunnraum mat der Annonce, dass de Logementsministère am nächste Budget 11% méi kritt. Beim Wunnengsbau misst de Staat och méi mat de Gemengen zesummeschaffen.

Klimaziler: Bis 2030 sollen d'Emissioune vun Zäregasen ëm 55 Prozent reduzéiert ginn

An et wëll een déi erneierbar Energien op 25 Prozent vum nationalen Energiemix eropsetzen. Dëst och, mat steierlechen a finanziellen Ureizer, fir op klimafrëndlech Technologien ze wiesselen. Esou goufen z.B. 20219 3 Mol méi Solaranlagen installéiert, wéi déi Jore virdrun.

En Deel vun dësem Pack gesäit dann och vir, datt den Diesel an de Bensin 2021 wäerten ëm 5 Cent eropgoen. Hei géif et awer net drëm, fir Recetten ze schafen. Et wier och keng Steier, mä e System, deen op europäeschem Niveau ofgemaach gouf.

Pressehëllef: Medien sollen an hirer Onofhängegkeet gestäerkt ginn

Dëst wier wichteg, well een eben eng staark a professionell Press brauch, esou de Premier. Ënner anerem soll eng éischte Kéier eng legal Basis fir staatlech Hëllefe vum Radio Ara geschaf ginn, deen aktuell duerch verschidden Ëmstänn net vun der Pressehëllef profitéiere kann. An dat wier net d'But vun der Reform gewiescht.

Kultur: Secteur schwéier getraff

De kulturelle Secteur huet seng Diere fréi missten zoumaachen a spéit opmaachen an huet iwwer 1.000 Manifestatiounen an 100 Ausstellungen ofgesot. Elo probéiert een, zesumme mat den Acteuren um Terrain, d'Konsequenzen aus der Kris ze zéien. Et soll méi Wäert op accessibel Aarbechtsplaze fir Kënschtler a Kreativer geluecht ginn.

Um Instanzewee ass dann och e Gesetz vum Erhalt vum kulturellen Iewen, also dem Denkmalschutz.

Ausland: Mir brauchen eng staark Europäesch Unioun

Dës steet aktuell viru groussen Erausfuerderungen, dorënner de Klimawandel, d'Migratioun oder aussepolitesch Brennpunkter wéi de Belarus. E grousse weideren Déif ass a bleift de Brexit, wou een an déi lescht Phas vun der Negociatioun kënnt. A ville Beräicher leien d'Positiounen tëscht EU a Vereentem Kinnekräich awer nach wäit auserneen.

De Premier bedauert, datt Groussbritannien d'EU verlooss huet, ma d'City of London géif awer weider e wichtege Partner vun der Lëtzebuerger Finanzplaz bleiwen, dat onofhängeg dovunner, wéi d'Negociatiounen tëscht London a Bréissel ausginn.

Reaktiounen no der Ried

De Liveticker fir nozeliesen