• De PLUS

    • Gutt verschafft
    • Präis bal net ze toppen
  • De MINUS

    • Sécherheetsassistenten nerven
    • Vill Wandgeräischer
    • Luet relativ lues

En huet nach e puer Kannerkränkten, ma elo scho gesäit een der ëmmer méi op eise Stroossen. Mir haten de BYD Dolphin fir eng Woch am Automag-Test.

BYD steet fir Build Your Dreams. Dat ass eng vun deene chineeseschen Autosmarken, déi och bei eis an Europa ëmmer méi present ginn. Am Automag vun haut, huele mir de BYD Dolphin méi genee ënnert d'Lupp. De Rich Simon huet dat fir eis gemaach.

Automag: BYD Dolphin

Viru ronn engem Joer hunn ech den Dolphin eng éischte Kéier probéiert. Dat war wärend der offizieller Presentatioun vum Auto. Deen Ament sinn ech eng 200 Kilometer mam Dolphin gefuer. Elo hat ech e wärend enger Woch hei zu Lëtzebuerg am Laangzäittest. Do kann een da schonns bësse méi an den Detail goen, a kucken op Saachen anescht sinn, respektiv verbessert goufen.

Ass dat dann elo de Fall gewiescht?

Virun engem Joer huet e wéineg Spaass gemaach, fir mam Dolphin Serpentinnestroossen ze fueren. Den Auto war schlecht ofgestëmmt an et waren och Pneue montéiert, déi esouguer op enger Schubbkar, kee gutt Bild ofginn hätten. Hei gouf elo nogebessert an dat kënnt dem Fuergefill zegutt.

RTL

Et ginn awer nach ëmmer Autoen, virun allem am Elektrosegment, déi weesentlech besser op der Strooss pechen, wéi den Dolphin. Do denken ech zum Beispill un de VW ID.3, dee vun der Gréisst ganz gutt mam Dolphin ze vergläichen ass.

D'Batterie, déi fir déi 204 PS zoustänneg ass, ass eng mat 60,4 kWh, déi vu BYD selwer produzéiert gëtt. Dat gëllt iwwregens, fir alleguerten d'Stecker, déi am Auto verschafft sinn. Den Akku luet mat maximal 88 kW. Do ginn et Konkurrenten, déi besser opgestallt sinn. De Verbrauch louch bei mir, iwwert eng Woch gekuckt, bei 18,5 kWh. Dat ass an der Rei an dann huet een eng Autonomie, vu ronn 350 Kilometer. BYD gëtt se mat 427 Kilometer un.

RTL

Wéi gesäit et bannen am Auto aus?

Fir een Auto, deen an der sougenannter Kompaktklass ënnerwee ass, huet ee richteg gutt Platz. Ech hat et schonns virun engem Joer gesot, den Auto ass banne ganz gutt verschafft. Op haarde Plastik gëtt praktesch komplett verzicht. Hei kënne Marken, déi vill méi deier sinn, sech eng ganz déck Scheif ofschneiden. Hei hunn d'Chinesen hir Hausaufgaben méi wéi gutt gemaach. Den 12.8 Zoll groussen Display kann een esouwuel vertikal, wéi och horizontal benotzen. Dat ass esou ee klengen Eyecatcher beim Dolphin.

RTL

 

D'Fuer- respektiv d'Sécherheetsassistenten, bréngen heiansdo een Autofuerer zum verzweiwelen. Wéi gesäit dat beim Dolphin aus?

Hei gëtt et een décke Minus. Déi nerve ganz einfach! Jo ech weess, et kann ee se ausschalten, mee am Prinzip si se geduecht, fir datt se ageschalt sinn. Deen Ament wuessen engem awer d'Hoer zu Bierg. Reegelméisseg gëss de gewarnt, datt Steng op den Auto kéinte falen, dobäi fiers de just laanscht een Haus. Wann s de an d'Géigend vun enger Schoul kënns, dann ass Groussalarm. Hei muss onbedéngt un der Software nogebessert ginn. Wat bei mengem Testauto och ee Problem war, war d'Heizung. Esoubal et ugefaange huet mat reenen, sinn d'Scheiwe vum Auto ugelaf. Och hei muss nojustéiert ginn.

RTL

Wéi gewinnt zum Schluss däi Fazit...

Bei engem Concert kënnt dat Bescht ëmmer zum Schluss. Ech hunn awer elo mat negativen Aspekter opgehalen. Un de "Spillereien" muss nogebessert ginn. Trotz allem ass de BYD Dolphin eng gutt Kafoptioun. Virun allem wann een de Präis kuckt. D'Comfort-Versioun kascht 29.124 Euro. Fir d'Design-Versioun bezilt een 30.364 Euro. Do huet een dann Metalicfaarf an ee Panoramadaach mat dran. Fir déi Suen, kritt een ee gudden Auto, wou een och gären een A zoudréckt, bei verschiddene klenge Boboen, déi den Auto nach huet.

RTL