BYD Seal
-
De PLUS
- gefällegen Design
- Präis-Leeschtung net ze schloen
- Fuerwierk mat Spaass-Potential
- fulminant Fuerleeschtungen
-
De MINUS
- Infotainment léisst sech net ëmmer logesch bedéngen
- Luedvitesse geet just rar iwwer 100 kW
Bei engem éischte Kontakt mam BYD Seal war de Paul Origer scho begeeschtert. Elo konnt hien d'Limousin méi ausféierlech testen.
Eng nei Mark huet um Lëtzebuerger Autofestival Première gefeiert: BYD. En éischte Kontakt gouf et awer scho virdrun, an zwar mat de Modeller Dolphin a Seal. No senger éischter Erfarung mam Seal op der Presentatioun zu Bréissel huet de Paul Origer de chineeseschen Tesla-Erausfuerderer am Alldag getest.
En éischten Androck war nawell guer net esou schlecht – wéi huet sech de BYD Seal dann op Lëtzebuerger Buedem behaapt?
Tatsächlech hat mech deen Auto op der Presentatioun zu Bréissel nawell positiv markéiert. Do konnt och dat miesst Wieder oder déi relativ kuerz Testfaart näischt änneren. Och heiheem war ech zum Beispill nach ëmmer vum Design begeeschtert; och wann deen een oder aneren am Seal eng Tesla Model 3-Kopie gesäit, ech fannen dass et designméisseg mol guer keng esou schlecht Interpretatioun vun enger aerodynamesch optimaler Limousine ass. De Bewäis hat ech dacks ënnerwee; vill Leit, jonk an al, hu sech um Trottoir nom Auto ëmgedréit oder beim Laanschtfueren esouguer Fotoe gemaach.

Besonnesch am hellbloe Lack wierkt déi ëmmerhin 4m80 laang Coupé-Limousine nach wéi vun engem anere Stär. Bannenan sinn d’BYD-Designer mat hirem Ocean-Design och e bësse géint de Stroum geschwommen: hellblot Lieder, glat a gesteppt, gesträiften Dekorbaguetten, hellgroen Nubuk, Konschtlieder mat faarwegen Néit – dat kléngt no wëllem Mix, gesäit awer richteg gutt aus. A Finitioune kënne se och, alles huet sech gutt ugefillt an näischt huet gerabbelt.

Den Design kritt da schonn emol eng Bonne Note – wéi praktesch ass esou ee Beau dann am Alldag?
Tatsächlech gëtt et a punkto Raumgefill näischt ze meckeren. Wou vill flaach Autoe wéi e Bunker wierken, fillt ee sech am Seal wuel. Och op der Réckbänk, wou esouguer hannert Sëtzrise wéi mir nach masseg Beefräiheet bleift.

Net onschëlleg un der positiver Atmosphär ass vläicht och deen enorme Panoramadaach. Eenzeg d’Gepäck kéint klaustrophobesch Ufäll kréien. D’Mall ass niddereg a relativ kleng; fir déck Wallissen oder de Groussakaf am Baumaart gëtt et mam Seal schwiereg.

A punkto Technik sinn déi chineesesch Marke jo up to date, net fir näischt zerwéiere sech vill europäesch Marke bei hinnen. Kann de Seal dat och bestätegen?
An ob. Ugefaange bei der Motorisatioun: 530 PS gounge bei eiser Topversioun un déi 4 Rieder, eng Autonomie vu knapp 500 km stoung bei 100% Batterie um Display. U Motorleeschtung huet et absolut net gefeelt. Esou wéi d’Typeschëld 3.8s et versprécht, huet d’Acceleratioun engem den Otem geholl.

An dat komplett ouni Geräisch, well zum Gléck spuert sech BYD all peinlech kënschtlech Sounds. Wärend ee beim extreme Beschleunege mol kann d’Fassung verléieren, blouf de Chassis ëmmer souverän. Scho faszinant, wat do d’Fuerwierksingenieuren erausgeholl hunn. Déi 2.3 Tonnen loosse sech perfekt an der Gitt halen a präzis steieren. Mir geschitt et an der E-Welt net dacks, mee de Seal huet mer virun allem extreme Fuerspaass bruecht.
E bëssen de Spaass verduerwen huet den Infotainment. Den Display ass zwar riseg mee net ëmmer reaktiv an deels net logesch. Besonnesch genervt huet, datt d’Commanden fir Heizung a Radio just um Home-Display ze fanne sinn – z.B. am Android-Auto-Modus verschwanne se komplett. Wéinstens versteet de Sproochassistent villes a konnt a menger Verzweiwlung hëllefen. Meckere kéint ech nach iwwert de Verbrauch vun iwwer 22 kW-Stonnen, allerdéngs hunn ech de Seal och net geschount. A lueden geet och net besonnesch séier: et sinn awer mol 45 a méi Minutten néideg fir vu 50 op 100 % ze kommen. De versprache Peak vun 150 kW läit nämlech rar, a wann, guer net laang un. Enner 100 kW ass éischter d’Reegel, a fir esou eng grouss Batterie definitiv ze lues.
Am grousse Ganzen awer e positive Bilan, wann ech dat richteg héieren? Och nom finanziellen Deel?
Dat ass richteg. E puer kleng Schwächten leescht e sech, mee iwwert déi kuckt een ewech an zwar spéitstens beim Bezuelen. Well vu ronn 46.000 Euro u geet et scho lass, de komplett equipéierten Top-Seal kascht nëmme 5.000 Euro méi. Do kënnen Tesla a Co sech waarm undoen.
