Wann Dir reegelméisseg länger Faarte musst maachen, an do gär och méi luxuriéis ënnerwee sidd, da kéint den ALPINA D3 S eng Optioun fir Iech sinn.

Kann en Dieselmotor ënnert der Hauf hautdesdaags nach begeeschteren? Eng Fro déi de Christian Schmit sech gestallt huet op engem Road Trip vun hei op de Sachsenring an Ost-Däitschland. Déngschtlimousine fir eng Woch war en ALPINA D3 S. Hei seng Impressiounen...

Automag: ALPINA D3 S

An dat vun enger ofwiesslungsräicher Däitschland-Tour mat Escalen a Sachsen an Thüringen, um Wee op eng Presserees bei ALPINA.E-Auto oder Hybrid am Alldag, béides iwwerleeënswäert Alternativen. Mee fir eng laang Distanz, wéi an dësem Fall aller-retour 1.300 Kilometer, do ass en Dieselmotor ënnert der Hauf nach ëmmer fir vill Leit en Thema an 1. Choix.

RTL

Déi ugeschwaten Déngschtlimousine ALPINA D3 S Touring huet en 3 Liter 6 Zylinder mat 355 PS ze bidden. Dee sollt sech als ideale Partner fir dëse Road Trip erausstellen. Dat wéinst den top Fuerleeschtungen, ech soe just 0 op 100 a manner wéi 5 Sekonnen, an 270 Tacho wären dra gewiescht.

RTL

Net fir näischt geet da vum Allgäu Express rieds. An dat bei maximum 8 Liter Diesel, och eng 5 virum Komma war zäitweis um Bordcomputer ze gesinn. Just den Tank kéint nawell e puer Liter méi grouss ausfalen. Trotzdeem 50 Liter Diesel tanken inklusiv Bezuelen goufen a 4 Minutten absolvéiert.

ALPINA, dat sinn déi, déi zu Buchloe am Allgäu, aus engem BMW eppes ganz Besonnesches zammeren. A knapps hannert der Grenz duecht ee scho bei sech, hei bass du gutt opgehuewen. Lavalina Lieder war iwwer d'Sportsëtzer gezu ginn, schléit zwar mat 8.000 Euro zousätzlech zu Buch, mee du wëlls et net méi mëssen. E puer dezent Detailer weisen dann nach op d'Manufaktur ALPINA hin. Mee bon ALPINA fueren, dat heescht souwisou wéinst der Individualitéit e puer Dausender weider op den Dësch bliederen.

RTL

Motorsound, Traktioun op di 4 Rieder, Fuerverhalen, 8 Gang Automatik an Dezibelpeegel, passt!
Fräi dräispuereg Autobunnspassagen tëscht Erfurt an Chemnitz hunn ee verleet Talenter vum ALPINA ofzeruffen. Mee dat geschitt souverän an ouni schweesseg Fanger ze kréien. An do kann een duerchaus erliewen, wou Besëtzer vu rengrassege Sportsween sech wonneren, dass ob eemol e "Kombi" am Réckspigel opdaucht, a laanscht zitt.

RTL

ALPINA D3 S Touring, e bal perfekte Kombi mat rasante Fuerleeschtungen a vill Understatement. Wat jo heiansdo näischt schuede kann. Eng Déngschtlimousine, bei där de Chef awer éischter Raute wénkt, an dat wéinst dem Budget. Oder vläicht awer well den Diesel net méi salonfäeg ass an d'Wiel dann dach op en E-Auto oder Hybrid muss falen.

RTL