Net nëmmen zanter Corona genéisse Campervans e grousse Succès, bei VW ass de California, schonn zënter Generatiounen héich am Cours.

Dat ass d’Campingversioun vum Multivan. Elo start den neie Modell op der Basis vum T 7.1 an de Paul Origer duerft deen neie California ënner héchst realistesche Konditiounen a Slowenien a Kroatien testen.

Automag: Volkswagen California

De California ass schonn zu enger Ikon ënnert de Reesmobiler ginn! No iwwer 280.000 Unitéiten ass den Drock fir déi nei Versioun grouss. De California 7.1 baséiert awer nach net op der mat Ford gedeelter neier Utilitaire-Plattform, mee um laange Multivan. Dat virun allem wéngt der Héicht vun ënner zwee Meter, also kee Problem fir Parkhaiser. De bekannten a serieméissegen Opstelldaach erméiglecht awer eng gemittlech Bannenhéicht vun 2m10.

RTL

Dat kléngt no engem grousse Banneraum, zemools jo wéi gesot de California um laange Multivan baséiert!

Soe mer mol, en ass ideal fir eng Koppel mat eventuell nach 2 klenge Kanner. Schlofe kann een uewen ënnert dem Opstelldaach op iwwer 2 Meter Längt an 1m13 Breet, dat ganzt gutt lëfteg a mat herrlecher Vue, deemno wou ee steet.

RTL

Ënnenan kann een sech een Openthaltsraum mat 4 Sëtzplazen ariichten, dëst mat Chauffer- a Bäifuerersëtz, déi een em 180 Grad dréine kann, an nach 2 Eenzelsëtzer an der zweeter Rei nieft dem Kicheblock. Iwwert dës Sëtzer léisst sech eng zweet Bettfläch vun 1m98 op 1m ausklappen. Soss gouf all iwwrege Raum op e Maximum ausgenotzt, sief et fir Schief, Frigo, Kichen oder Technik a Form vu sëllege Schalter fir d’Luuchten, USB-Steckdousen oder engem neie Bildschierm iwwert deen een alles steiere kann.

RTL

Mat u Bord sinn dann och eng zweet Batterie fir all dës Confort-Features ze speisen, grad ewéi zwee Tanks fir Frësch- an Ofwaasser an eng Gasfläsch fir ze kachen.

Fir d’éischt geet et am Automag net primär drëms den Auto ze fueren, mee doran ze wunnen an do hu mer an denger Persoun den absolutte Camperfreak fonnt!

O mei jo, a wéi. Et war eng Erausfuerderung, dat muss ech schonn zouginn. Zum Beispill fir de California prett fir d’Nuecht ze maachen; heescht d’Fënsteren all ze verdäischteren, dat deels mat integréierte Rolloen oder separate Matten fir d’Fënsteren.

RTL

De Klappdaach léisst sech optional elektresch opstellen; e ganz praktesche Feature, allerdéngs hat ech beim Zouklappe meng Problemer wëll et ëmmer iergendwou geklemmt huet. Wann een den Trick awer eraushuet an un alles denkt, da fonctionéiert et. Den Zougang iwwert neierdéngs zwou Schiibediiren ass zum Deel praktesch wann och op der lénker Säit e bëssen enk. De Kicheblock gouf zwar gekierzt an de Frigo an engem Tirang ënnerbruecht, trotzdeem dierf ee keng Kiloen ze vill hunn fir sech am Multivan labber ze beweegen.

RTL

Dat selwecht gëllt fir erop an d’Daachbett ze klammen. Et kann een awer dofir op déi viischt Sëtzer an esouguer op d’Aarmleene klammen. Plaz ass am Penthouse-Schlofzëmmer keen Thema, d’Matratz fir Säiteschléifer wéi ech awer e bëssen haart. Mee dat ass Camping, hunn ech mer soe gelooss.

RTL

Konnt de VW California de "Petrolhead" Paul Origer zu engem Camper-Frënd maachen? / © Volkswagen

Verrot eis trotzdeem nach wéi e sech fiert a wat de Portmonni muss labber maachen?

Gutt, de Basisdiesel mat 150 PS hat genuch ze schleefen an zesumme mat der DSG war e mat enger massiver an nerveger Ufuerschwächt geplot. Soss ass de California awer immens komfortabel, roueg an nawell och spuersam ënnerwee. Beim Präis kënnt wéi erwaart dat éischt Schlécken; d’Topversioun California Ocean start bei ronn 72.000 Euro, ganz labber kann ee via vill Optiounen och 6 Zifferen erreechen. Et geet awer och scho méi gënschteg an zwar mam Beach fir ronn 56.000 Euro.

RTL