Gënschteg a gefrot: d'Verkafszuele bei Dacia sinn an de leschte Jore konstant geklommen. De Bigster huet d'Potential och nees ganz beléift ze ginn.

Bigster heescht deen aktuell gréisste Modell an der Gamm vun Dacia! No der Presentatioun am Süde vu Frankräich stoung elo ee méi laangen Test hei heem um Programm. Wéi den Dacia Bigster sech am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.

Automag: Dacia Bigster

Mat iwwer 20 cm méi an der Längt ass de Bigster schonn e gutt Stéck méi grouss wéi säi klenge Brudder Duster an domat ideal fir mat Famill a Gepäck ënnerwee ze sinn.

Den Design
Deen hate mer jo schonn emol hei virgestallt. De Bigster iwwerhëlt natierlech déi nei Designlinn vun Dacia a gläicht dem Duster 1 zu 1. Just d’Säitelinn mat der laang gezunne hënneschter Fënster mécht den Ënnerscheed, d’Proportioune bleiwen awer ganz gutt gelongen. Bei der Vue säitlech no hannen irritéiert allerdéngs déi déck schif Rumm vun der drëtter Fënster e bëssen a gëtt engem den Androck, et wier een Auto am doudege Wénkel.

RTL

© Paul Origer

Den Interieur
Dacia steet fir fair Präisser an dat mierkt ee spéitstens beim Banneraum. Gréisstendeels besteet deen nämlech aus haardem a krazempfindleche Plastik, wann och mat verschiddene Strukture versicht gouf, et besser ausgesinn ze loossen.

RTL

© Paul Origer

De Bigster huet soss alles wat ee brauch, esouguer Luxus wéi elektresch Sëtzer a Panoramadaach gi gebueden. An e bleift praktesch mat villen Oflagen a richtege Knäppercher fir wichteg Funktiounen. U Plaz feelt et natierlech och net, mat mengem Gabarit hunn ech allerdéngs déi optimal Sëtzpositioun net konnte fannen. Et sëtzt een net wäit genuch zeréck an ze déif esou dat no e puer honnert km dann awer schonn den Allerwäerteste wéi gedoen huet. Dofir gëtt et hannen näischt ze meckeren an och beim Gepäck brauch een net fir d’Plaz ze fäerten.

RTL

© Paul Origer

Op der Strooss
158 PS an eiser Hybridversioun, dat kléngt fir esou ee groussen Auto no wéineg. Mee de Bigster spuert mat de Kiloen a säin Undriff fonctionéiert wierklech gutt. Gefuer gëtt nämlech ëmmer elektresch, de relativ simpelen an domat zouverlässege Bensinner suergt just fir de Stroum a gëtt, immens diskret, bäigeschalt wann et néideg ass. Esou kann ee vum vollen Dréimoment vum Elektromotor profitéiere fir relativ ruckfräi an och lafroueg vun der Plaz ze kommen. Hei dauert et dann awer e bësse bis den Undriff reagéiert, dat eent oder anert Geruckels muss a Kaf geholl ginn an de Bensinner brëllt wéi um Spiess. Am Alldagsgebrauch motivéiert de Bigster éischter zum gemittleche Fueren wat mat engem gënschtege Verbrauch vun tëscht 5 a 6 Liter belount gouf. Iwwerrascht huet dat guttmiddegt an handlecht Fuerverhalen dank dem klenge Wendekrees, allerdéngs ass d’Fiederung fir esou ee Familljenauto dann awer en Tick ze dréchen.

RTL

© Paul Origer

Am Resumé
De Bigster gesäit gutt an net bëlleg aus a ka méi wéi ee mengt. Wann een net onbedéngt deen déckste Motor oder déi feinste Finitioun bannena brauch, da kann ee mam groussen Dacia duerchaus glécklech ginn.

Bei ronn 23.700 geet de Spaass scho lass, voll equipéiert sinn et grad emol 32.500 Euro. Do gëtt et definitiv näischt auszesetzen.

RTL

© Paul Origer