• De PLUS

    • Gewëssen Exklusivitéit
    • Sportlechkeet kombinéiert mat Fuerkomfort
    • Brems, Chassis, Leeschtung
  • De MINUS

    • An der Mall gëtt et immens waarm
    • Feedback an der Lenkung
    • leschten A110 mat Verbrennermotor

Wien nach eng Alpine A110 mat Verbrennermotor wëll, dee muss sech bäimaachen. Nach just bis Dezember dëst Joer ka bestallt ginn.

Déi franséisch Mark Alpine feiert dëst Joer de 70. Gebuertsdag. Vill am Gespréich ass aktuell d’Alpine-Versioun vum ganz beléifte Renault R5, deen op den Numm A290 lauschtert. An dësem Automag gëtt awer net elektresch gefuer, ma mat Verbrenner. Den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp war mam A110 ënnerwee. 

Automag: Alpine A110 GTS

Mat "ënnerwee", hues de et scho richteg getraff, well ech hat e klenge Roadtrip duerch Frankräich gemaach, méi genee duerch d’Vogeesen, an duerno nach e klengen Ausfluch duerch de Schwarzwald, dëst um Wee fir heem. Dësen Trip mat engem Cabrio ze maachen, hätt sech quasi opgedrängt, ma ech hu mech fir e Coupé entscheet, méi genee fir den Alpine A110 GTS.

RTL

© Andy Brücker

 GTS kléngt jo scho mol "sportlech"... wéi "praktesch" war deen da fir dee Roadtrip? 

Am Fong war et genee de richtege Choix. Natierlech hätt ech mech och iwwert de méi rengrassegen A110 R gefreet, ma op sou engem Trip vun e puer Deeg weess ee séier e gewëssene Confort ze schätzen. An dee bitt de GTS, ouni awer op Fuerspaass ze verzichten.

Praktesch ass scho mol, dass mer duerch de Mëttelmotor souwuel vir ënnert dem Capot Plaz hu fir Gepäck, an hannen an der Mall. Am sougenannte "Frunk" vir kritt een zwou Wallissen ënner, soulaang se d’Standard-Gréisst hunn, déi een och als Handgepäck mat an de Fliger huelen däerf. D’Rieder riskéieren zwar déi eng oder aner kleng Schréips am Plastik ze hannerloossen, ma dat muss een do a Kaf huelen. Praktesch ass et op alle Fall.

RTL

© Andy Brücker

An der Mall hanne kritt een dann och nach emol 100 Liter ënner, ma do kann ech aus Erfarung soen... deem Gepäck gëtt et nawell waarm, well dat läit dann direkt hannert dem Motor.

Am Interieur gëtt et e flotte Mix aus Lieder, Alcantara a Carbon. Den Oppräis vun 730 Euro fir den Daachhimmel am schwaarze Mikrofiber, kann ech nëmme recommandéieren. Et huet een nach richteg Knäppercher fir d'Klimaanlag ze bedéngen, geschalt gëtt via Doppelkupplung automatesch oder via Schaltpaddels hannert dem Steierrad.

RTL

© Andy Brücker

Confortabel awer och sportlech Sabelt-Sëtzer halen ee gutt fest, och wann ee mol méi flénk duerch d’Kéiere fiert. Hei fannen och méi grouss Chaufferen eng gutt Sëtzpositioun. Alternativ kritt een och nach Racing-Schuelesëtzer vu Sabelt, ma ob déi am Alldag sou bequeem a praktesch sinn, woen ech mol ze bezweifelen.

RTL

© Andy Brücker

Dass de gutt souz, hues de eis jo elo scho verroden. Ma wéi ware soss deng fuereresch Impressioune mam A110 GTS?

Wat engem direkt opfält, den Auto ass einfach liicht, an dat ass scho bal e Garant fir Fuerspaass. Den 1800er Turbo-Bensinner mat 300 PS geet Spilles mat der Alpine ëm a beschleunegt se bannent just 4,2 Sekonne vun 0 op 100. Ma dat ass net hir Paradedisziplin. Soubal Kéieren an d’Spill kommen, spiert een dat niddregt Gewiicht an wéi einfach den Auto sech positionéiere léist.

RTL

© Andy Brücker

Bei der Lenkung gëtt et sou ee Punkt, wou ee mengt den Auto géif grad ënnersteieren, an et feelt e bëssen u Feedback, ma eigentlech mécht den Auto et gutt a wann een dee Punkt bis passéiert huet an nach méi alenkt, geet den Auto genee dohin, wou een e wëll hi positionéieren, an dat och wann ee mat méi Vitess an d’Kéier geet. Dozou droen och d’Michelin-PS4-Pneue bäi, déi montéiert waren.

Wie méi séier fiert, muss och gutt verzögere kënnen, an do huet d’4-Kolwe-Bremsanlag e super Job gemaach. Zu kengem Ament huet dës och nëmmen am Usaz ugedeit iwwerfuerdert ze sinn, an dobäi hätt se sécherlech och emol Geleeënheet dozou gehat.

RTL

© Andy Brücker

Beim Sound kann ee sech elo vun deem klenge Motor keng Wonner erwaarden. Wann een awer am Sport-Modus ënnerwee ass, dann ass och den Auspuff richteg present, och wann et deels e bëssen digital wierkt.

RTL

© Andy Brücker

300 PS an engem Auto vu ronn 1.100 Kilo, dat ass hautdesdaags e richtegt seelent Konzept, an dat ass schued. Et bräicht méi därer méi liichter Autoe wéi eben dës Alpine oder och zum Beispill e Mazda MX5.

RTL

© Andy Brücker

Beim Verbrauch brauch ee sech och net ze vill Suergen ze maachen. Ass ee gemittlech am Alldag ënnerwee, steet eng 7 virum Komma. Léisst een et mol méi sportlech zougoen, da si mer bei ronn 10 Liter op 100km, wat ëmmer nach absolut vertriedbar ass.

RTL

© Andy Brücker

Dat kléngt no richteg Spaass vill Spaass... Huet een deen dann och nach, wann een de Präis gewuer gëtt? 

Also Spaass hat ech definitiv. Den Auto ass en Allrounder mat ville sportleche Geenen, dëst a Kombinatioun mat enger gewësser Exklusivitéit, engem schéinen a gutt verschafften Interieur, engem Design, dee vill Leit begeeschtert, souwéi stabiller an zouverlässeger Technik, dat bei niddregem Gewiicht.

E Basis A110 GTS kritt ee vu 77.000 Euro un. Eisen Testauto mat anere Felgen an engem spezielle Lackkleed koum op bal 85.000 Euro. Eisen Testauto war "Bleu Paon", an et war Nummer 36 vun 110, déi et an där Faarf ginn, wat engem och op enger metallener Plack am Auto matgedeelt gëtt.

RTL

© Andy Brücker

Kloer sinn dat vill Suen, ma et kritt een och vill Auto a vill Fuerspaass dofir, deemno a mengen Aen e korrekte Präis.

Wat een nach bedenke sollt... déi nächst Oplag vun der Alpine A110 wäert kee Verbrennermotor méi hunn, ma en Elektromotor. Wien deemno nach mat engem 4-Zylinder wëll am A110 fueren, dee muss ech bäimaachen, well d'nächst Joer soll Schluss si mat der aktueller Alpine. Just nach bis Dezember kann ee sech en neien A110 beim Alpine-Händler konfiguréieren, a vill fräi Slotte ginn et net méi, wéi mer op Nofro gewuer gi sinn.

Bis Juni 2026 ginn zwar nach Autoe gebaut, ma déi déi da bei d’Händler kommen, sinn da virkonfiguréiert an et kritt een da just nach dat, wat grad vum Band gelaf ass an disponibel ass.

RTL

© Andy Brücker