Automag - Nei an EuropaDenza Z9GT mat iwwer 1.000 PS

Dominique Riefstahl
Crème de la crème oder just vill Schlagsan?

Mat Denza bréngt BYD eng nei Marque an Europa. D'Zilsetzung ass kloer: de Premium-Segment erueweren an der europäescher Konkurrenz weisen, wat hautdesdaags a Saachen Elektromobilitéit esou machbar ass.

Op Chantilly haten d'Chinesen agelueden. E Schlass, bekannt fir säi kulinarescht Rafinement zënter den Zäite vum Louis XIV, genee esou vill Raffinement, wéi Denza senge Modeller noweise wëllt.

Mee fir d’éischt: Wat ass Denza iwwerhaapt?

BYD huet sech an der Tëschenzäit als Automobilkonstrukteur etabléiert. Ursprénglech Batterie-Liwwerant, baue si mëttlerweil och d'Verpakung ronderëm. An dat mat engem gewësse Succès, virun allem bei engem Public, deen eppes fir säi Geld wëll an net just fir en Numm bezuele wëll.

Fir och deem Publikum mat héchsten Uspréch Clienten ewechzelackelen, huet BYD elo eng Premium-Marque lancéiert. Denza soll also der Konkurrenz aus Stuttgart, München oder och Zuffenhausen elektresch Kontra ginn.

Aktuell ginn zwee Autoen ugebueden: den Z9GT, e Gran Turismo, wéi den Numm et seet, an den D9, den typesche Flughafen-Shuttle fir kleng Gruppen. Zwee SUVen an eng méi sportlech Maschinn sollen nach am Laf vum Joer nokommen.

© Dominique Riefstahl

Virun allem awer wëll Denza d’Elektroinfrastruktur opmëschen.

Déi neisten BYD-Batterie sollen esou séier lueden, wéi ee Bensinner tankt, esou Denza. Virausgesat natierlech, et huet een e Chargeur, deen 1.500 kW liwwert. Och do seet Denza: Hal mäi Béier.

D'Marque plangt, 3.000 esou genannte Flash-Charger bannent engem Joer an Europa ze verplanzen. Dofir mussen och keng 1.500 kW aus der Dous kommen, zur Nout ginn 100 kW souguer duer. Am Chargeur selwer sinn intern Batterien, déi als Tëschespäicher déngen. Wann dann en Denza drënner geparkt steet, fléisst de Saft aus där interner Batterie wéi de Blëtz an den Auto.

© Dominique Riefstahl

5 Minutte vun 20% bis op 80%. Maximal 12 Minutte bei -30 Grad fir vun eidel op randvoll ze kommen, Rekordzuelen.

Ok, mir wëllen net Ierbessen zielen, loosse mer dat als “genee esou séier wéi almoudesch tanken” duerchgoen. An domat ass kloer: De Mënsch ass souwisou elo de limitéierende Facteur. Kaffi a Gang op d’Toilette beim Raststopp daueren nämlech definitiv méi laang wéi den Auto luet. Virun allem, well een am Elektro-Fall net nieft dem Auto stoe bleiwe muss.

© Dominique Riefstahl

Mir ignoréieren och de Grenzfall, datt Denza an hirer Rechnung e klenge Problem kritt, wann de Vakanzeverkéier usteet an een Auto nom anere séier luede wëll. Well wann 100 kW erakommen an 1.500 kW erausginn, ass et jidderengem mat Primärschoulmatheskenntnisser kloer, datt d'Zapanlag dono net nëmme 15 Mol méi laang brauch, mee iwwerhaapt emol nees op Otem komme muss.

De grousse Masterplang ass et awer, d’Technologie vun hire Blade-Batterien, déi sech extrem séier be- an entluede loossen, iwwer Partnerschafte mat groussen Infrastrukturpartner op strategesch Verkéierskniet ze placéieren. Spréch: Autobunnen, P&R, Akafszentren asw.

Dat kléngt alles impressionnant. Mee um Enn vum Dag verkeeft Denza keng Ladecontainer, mee Autoen.

Ech hunn nach net vill Autoen offiziell getest, mee ech hu mir ëmmer all Schlëssel geschnappt, deen ech konnt ergatteren, fir en Auto auszeprobéieren. Bis elo war de G 63 AMG deen eenzegen Auto an der Iwwer-500-PS-Klass, deen ech zeréckginn hunn a gesot hunn: “Nope, wëll ech ni hunn.”

Vill ze vill Torque Steer, keng Plaz, kee Confort, awer och net sportlech. Worst of all worlds. En Auto, deen näischt fir mech ass.

Gléckwonsch, Denza - Elo hunn ech an der Klass iwwer 1.000 PS och esou een.

Den Z9GT huet 1152 PS, déi aus 3 E-Maschinnen un déi véier Rieder geliwwert ginn.

Dat mécht Angscht a verlaangt eng uerdentlech Portioun Respekt mam rietse Fouss. Obwuel - d’Pedall ass wierklech esou ausgeluecht, datt een ouni Problem mat der Leeschtung ëmgoe kann.

Mee wehe, et ass eng Lück tëscht zwee Autoen op enger Kräizung. Éier's du dech ëmkucks, fiers de mat bal 150 engem hannendrop, well's du gemengt hues: “E bësse méi Gas, da geet dat locker duer.”

Méi schlëmm nach: De Chassis packt déi Leeschtung net.

© Dominique Riefstahl

D'Fuerwierk ass net equilibréiert. Et huet een ni d'Gefill, datt e souverän läit. Éischter huet een d'Gefill, datt en all Moment iwwer seng eege Rieder stolpere kéint. An datt een duerno entweder am Gruef oder am Bam lant. An dat bei wierklech moderater Fuerweis an trotz allen technesche Raffinesse wéi Torque-Vectoring, Allrad, All-Wheel-Steering an alles wat d'Technik-Häerz begiert.

Ech hu bei Wäitem net d'Potential vum Undriff gefuerdert. An ech behaapte virun allem net d'Fäegkeet ze hunn, dat Potenzial wierklech kënnen auszereizen. Mee ech weess sécher: Ech wéilt et och net probéieren, well een ze vill deconnectéiert ass vun der Strooss.

Denza hat eis gewarnt: Den Auto nennt sech GT, net Rennmaschinn. Kilometerfrësser, net Nordschleife-Beschzäitejeeër. Mee nee, och als GT funktionéiert dat net esou richteg. Trotz etleche Modi bréngt keen dovunner e passabele Kompromëss fir d'Landstrooss hin. Trotz elektroneschen Dämpfer a Loftfiederung ass den Auto weder geschmeideg nach un der Strooss ugepecht. Dat komplett isoléiert Schwiewen op enger Wollek, wéi een et vun de grousse Premium-Marquë kennt, kritt den Z9 GT net hin. A sech mat Begeeschterung an eng Kéier leeën och net.

Kloer, et ass Premium-Confort a Schallisoléierung, d’Sëtzer sinn exzellent an hunn aacht verschidden Aart a Weisen , mäin Allerwäertesten ze trëppelen an ze knieden: Mee Entspanung kënnt net op, wann s du à la Shining ëmmer nach mengs, de Killer sëtzt der am Genéck a schléit zu all Moment zou.

© Dominique Riefstahl

Woubäi ee muss zouginn, a Saachen Assistenzsystemer, déi net un de Limite vun der Fuerdynamik gebonne sinn, ass den Z9GT remarkabel. Si sinn all seerieméisseg u Bord, mee virun allem, si maache sech extrem diskret a stéieren net, am Géigesaz zur Klima, déi ëmmer stéiert an ni weess wourop se hi reegelt.

© Dominique Riefstahl

Negativ falen och d'Menüen op: Wëlls de mol eppes ausschalten, ëmstellen oder adaptéieren, da wull dech mol uerdentlech duerch. An zwar net, well mäi Mandarin ongenügend wier, mee well d'Menüe weder fir mech nach fir aner méi routinéiert Kolleege logesch opgebaut waren.

© Dominique Riefstahl

Optesch schwätzt den Auto un. En Heck à la Panamera, eng Nues à la Tesla, stëmmeg Proportiounen. Dat passt alles. Bis op d'Spigelen an den Taxi-Huckel.

Den Taxi-Business ass liicht erkläert - statt wéi bei anere Kontrukteuren déi sëlleg Kameraen a Sensoren ze verstoppen, huet Denza eng Aart Bockel uewen um Enn vun der viischter Fënster, genee do wou e Londoner Taxi een huet, fir sech als solchen z'identifizéieren.

© Dominique Riefstahl

Wie wëll, kann d'Réckspigelen duerch Kameraen ersetzen. Ok, why not. Mee wann een dat scho mécht, da kéint een och den aerodynamesche Virdeel mat huelen an näischt baussen ubauen, amplaz vun deenen hässleche Kamerahalter, déi do verbaut sinn.

D'Ecrane fir d'Säitespigele sinn och ze déif placéiert. Et kuckt ee reflexaarteg op den notzlosen Aarm baussent der Fënster, an net 10 Zentimeter drënner.

© Dominique Riefstahl

Méi schlëmm nach: De Réckspigel als Ecran ass onnatierlech erugezoomt. An beim Parke weist de Réckspigel alt eemol de Buedem hannert dem Auto, amplaz vun der normaler Vue no hannen. Dat ass extrem irritéierend, well een net intuitiv versteet, wéini deen een oder anere Modus geholl gëtt.

U sech ass dat mat de Spigele beim rangéieren am Fong egal, well den Auto huet dräi Dose Varianten, fir selwer parken ze goen.

Ech kann e Creneau maache loossen. Lues, mëttel oder séier. Woubäi “séier” en Nervenkitzel ass. Am Ufank mengs de nämlech: “Dee wäert jo mat Zäiten ophalen.” Jo, mécht en, awer spéit an zimmlech ferm.

Ech kann him beim Creneau och soen, ob e mir oder dem Passagéier méi oder manner Plaz fir erauszeklamme loosse soll. Dat selwecht beim Parallelparken, wou ech och nach dierf uginn, ob den Auto vijenzeg oder hannerrécks parkt. Och wann dat bei enger schräger Parkplaz illegal ass an ech en entgéint der Ausfaartsrichtung astelle loossen. Den Auto stellt do keng moralesch Froen, dat muss een him loossen. Schliisslech sinn et jo meng Punkten, di herno op der sozialer Ranking-App verluer ginn.

Nach méi lëschteg ginn awer déi Modi, wou ech am Fong dem Auto soen: “Hei, deng Nues ass an der Parkplaz. Kuck, datt's de mam A... selwer eens gëss”.

© Dominique Riefstahl

Den Auto notzt dann seng zwou E-Maschinnen op der hënneschter Achs, fir säin Heck säitlech an d'Parkplaz ze zéien. Dat ganzt zum Leed vun de Pneuen, mee extrem effikass. Wann d'Parkplaz en plus net betonéiert ass, gëtt se dobäi gratis ëmgeplout. Och praktesch. Landwirtschaftlech Premium-Funktioun, souzesoen.

A wann dee ganze Blödsinn mir dowéinst peinlech wier, kann ech och erausklammen, op der Handy-App dem Auto opmolen, wéi e soll parken, an dee mécht dat einfach eleng. An e kënnt och eleng nees aus der Parkplaz eraus, wann ech erëm sinn.

Eng Crème, ëmmer esou déngschtbereet, géif d'Schwéiermamm soen.

Op dat elo Chantilly oder just Schlagsan ass, à vous de voir.

© Dominique Riefstahl

INTERNET: Denza Z9GT

Back to Top
CIM LOGO