Automag: Am AlldagstestMazda 6e

Christian Schmit
Andy Brücker
D'Limousin vu Mazda fiert elo reng elektresch.

D’Zuel 6 spillt bei Mazda scho laang eng wichteg Roll. Si sti beim japanesche Constructeur fir d’Mëttelklass-Modeller an hirer Gamme. Am Summer gouf di nei Versioun virgestallt, heescht elo 6e, well mat deem ass e reng elektresch ënnerwee. De Christian Schmit huet dem 6e am Alldag op den Zant gefillt.

Automag: Mazda 6e

Jo mam 626 hat alles 1979 ugefaangen, vun 2002 un housch en da just nach Modell 6. An elo ass et de 6e mat Stecker a Batterie, deen den Erfolleg brénge soll.

Dee Neien wiisst iwwer sech eraus?
Jo bei 4m92 fält e kaum nach an d’Mëttelklass. Am Alldag beweegt een e groussen eleganten Auto, deen och vill Plaz fir Chauffer a Passagéier bitt. Mat sengem Lieder an Alcantara géif en och am Luxussegment eng gutt Figur maachen. Och fir op Akafstour oder eng Rees steet genuch Plaz an der Mall zur Dispositioun.

© Christian Schmit

Ok, reng elektresch a mat wéi vill Power?
258 PS wären et an eng Batterie, déi eng 69kWh Kapazitéit huet. Domat kënnt een am Alldag, an elo loosse mir emol di utopesch WLTP-Norm op der Säit, eng 430 Kilometer wäit. Net enorm, a mir waren net vollgepak a just op der Autobunn ënnerwee. De Verbrauch louch meeschtens bei 16-18 kW. Séier oplueden ass och nëmme bedéngt de Fall. 165kW Maximum ass haut net méi top.

© Christian Schmit

Wéi fiert e sech dann?
Jo hei mierkt een, dass de Mazda 6e eigentlech kee Japaner ass, mee Made in China bei Changan, mat deenen een zënter Jore kooperéiert. Dat geet am Interieur un, wou esou zimmlech alles iwwer de groussen Ecran muss agestallt a regléiert ginn. Ass net enorm “user friendly” an erfuerdert esou Gedold, bis een zum gewënschte Resultat kënnt.

© Christian Schmit

Och d’Assistenzsystemer sinn hyperaktiv, an dat “Big Brother is watching you"-Gefill um Volant iwwerkënnt een. Mee soss ass et eng ganz agreabel Limousin, dat a punkto Fiederung, Lenkung a Fuerverhalen. D’Veraarbechtung ass top, a Kamerae suergen dofir, dass et keng Téitsche gëtt.

© Christian Schmit

Wéi vill muss een dann op den Dësch bliederen an däi Fazit vum Alldagtest?
Also den Mazda 6e bitt Plaz fir d’ganz Famill, ass polyvalent an huet eng uspriechend Designlinn. Iwwerall do, wou en erbléckst gouf, goung den Daum no uewen.

An dat gëllt och fir d’Präislëscht. Vun 41.500 Euro fir ukritt een eng gutt ekipéiert a nobäi 5m Limousin, déi zu 100 % elektresch ugedriwwe gëtt. Dat ass remarkabel a senger Kategorie.

© Christian Schmit

LINK: Mazda 6e

Back to Top
CIM LOGO