Automag - "Open Air Feeling"Renault R4 Plein Sud

Rich Simon
Et ass net wierklech e Cabrio, ma et ass awer eng clever Versioun, fir d'R4 fir weider Clienten interessant ze maachen.

Bis Ufank den 1990er Joren, gouf bei Renault d'R4 gebaut. Du war Schluss mat der Produktioun. Déi ass awer zanter dem leschte Joer nees ugelaf. An elo gëtt et d’R4 souguer ouni festen Daach. Déi normal R4 hate mir op dëser Plaz schonn am Test. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun ass awer elo "Oben Ohne" ënnerwee gewiescht, awer och mam Elektro-Undriff. Ass d'R4 dann elo ee Cabriolet?

Automag: Renault R4 Plein Sud

Nee dat ass se net. Du hues awer een Daach aus Stoff, deen ee praktesch iwwer déi viischt an hënnescht Sëtzer kann opmaachen, an esou fiert dann awer ee gewëssene Cabrio-Feeling mat. Ech soen ee gewëssenen, well een awer zum Beispill d‘Hoer net duerchernee gewullt kritt, wann een den Daach komplett op huet. Dat dierften déi eng als Virdeel gesinn, déi aner awer als Nodeel. Et ass a sech ee Kompromëss deen een ageet, tëscht engem normalen an engem Cabrio Auto.

© Rich Simon

Mécht den Auto dann an dengen Aen Sënn?

Ech géif mengen Jo. D‘R4, déi genee wéi d‘R5, ee Renouveau erlieft, steet dach awer bëssen am Schiet vun der R5. Ouni an d‘Käpp vun den Decideuren vu Renault kënnen ze kucken, denken ech, datt se geduecht hunn der R4 mam oppenen Daach e Push ze ginn. An dat fir eng Clientèle unzeschwätzen, déi sech et net ka leeschten, fir nieft dem normalen Auto nach een zweete Cabrio ze kafen. Mat der R4 Plein Sud, huet ee praktesch zwou Mécke mat engem Schlag.

© Rich Simon

Wéi ass d‘Gefill dann, wann ee mam Toit Ouvrant ënnerwee ass?

Wärend dem Test, war d‘Sonn um Rendez-vous. Deen Ament genéisst een déi gewësse Fräiheet déi ee spiert, wann den Daach op ass. Wann ee relativ lues mam Auto fiert, huet een och praktesch keng Wandgeräicher, déi een héiert. Dat ass awer anescht, wann et Richtung 90 Kilometer an der Stonn, an do driwwer eraus geet. Da geet de Geräischpeegel awer vu Kilometer zu Kilometer erop. Dat muss een dann a Kaf huelen, wann een "Open Air" Richtung Baggerweier oder Stauséi fiert.

© Rich Simon

Ass et dann een Auto fir, ech soen emol, d'Plage?

Och dofir ass den Auto sécherlech flott. Hien ass awer genee wéi de Modell mam zouenen Daach, och am Alldag ze gebrauchen. Och wann ech et net konnt testen, sinn ech der Meenung, datt een am Wanter bei kalen Temperaturen keen Nodeel mam Daach aus Stoff huet. Dee schéngt nämlech ganz gutt verschafft ze sinn.

© Rich Simon

D'R4 Plein Sud huet de Virdeel, datt een duerch den oppenen Daach, näischt un der Kapazitéit vun der Mall verléiert. Dat ass an der Reegel bei engem Cabrio, nämlech net de Fall. Wann een den Daach wëllt wärend der Faart zou maachen, da kann een dat och maachen. Et däerf een dann awer just mat maximal 90 Kilometer an der Stonn, ënnerwee sinn.

© Rich Simon

Zum Schluss nach de Präis an de Verbrauch...

Fänke mir mam Verbrauch un. Mam Daach zou hunn ech 13,7 kWh gebraucht. Mam Toit Ouvrant ass de Verbrauch op 15,2 kWh erop gaangen. Wat awer nach ëmmer gutt ass. Am Géigesaz zu der normaler R4, gëtt et de Plein Sud just mat der 52 kWh Batterie an net mat der klenger vu 40 kWh. De Präis, dee fänkt da laut Konfigurator, bei 35.680 Euro un. Dat sinn der 3.674 méi wéi den Auto mam festen Daach. Dat ass dann awer schonns ee Plus, iwwer deen ee muss nodenken.

© Rich Simon

Renault R4 um Internet

Back to Top
CIM LOGO