An dësem Automag gëtt den Tesla Model Y an der Performance-Versioun getest. Dat kléngt jo da scho mol no vill Leeschtung, mee wéi performant ass den US-Amerikaner da soss nach esou? De Christian Schmit huet dësen am Alldag konnte fueren, an huet et erausfonnt.
Kaum eng aner Mark war déi lescht Zäit esou an de Schlagzeile wéi Tesla. Gouf zäitweis esouguer zum Politikum. Mee hei konzentréiere mir eis op den techneschen Knowhow. Tesla ass jo eigentlech déi Mark, déi d’Elektromobilitéit a grousse Stéckzuele virugedriwwen huet.
Wat ass dann elo anescht un deem Modell Y an der Performance Versioun?
Also deen neie Model-Y-Design erkennt ee gläich u senge chice beliichte Liicht-Läischte vir an hannen. Dat bleift, éischter am Detail ginn et Ënnerscheeder, mat dezente Spoilere vir an hannen. An och e bëssche Carbonfaser gëtt spendéiert. E speziellen Performance-Emblème, an d’Spigele bausse si schwaarz lackéiert.

A bannenan dann och eng Spuer méi sportiv, oder?
Jo do sinn et effektiv Sportsëtzer mat guddem Säitenhalt. Och hei kënnt Carbon an den Asaz, an d’Brems a Gaspedal am Aluminium. Den zentralen Ecran ass elo méi grouss mat besserer Opléisung.

Gefall hunn eis och de risege Panorama-Glasdaach, Akkustikverglasung a Sëtzer, déi och hannen elektresch verstallt kënne ginn. Och de Réck, wa mol méi muss transportéiert ginn. Trotzdeem, fir mäi Goût, ass den Interieur ze steril an ouni Séil.

A bei de Fuerleeschtunge gëtt elo méi gebueden?
Also interessanterweis um Pabeier fir d’éischt emol manner. Vu 514 PS elo op 460 PS. An awer ass d’Acceleratioun op 100 elo mat 3,5 Sekonnen e Sputt besser, 250km/h Spëtzevitesse wäre méiglech, a virun allem konnt d’Autonomie duerch Verännerunge bei der Batterie a Wierkungsgrad ëm 60km zouleeën.
De Verbrauch vu 17kw/h geet an d’Rei, genee wéi dass mat 250kw ka geluede ginn.
Den Tesla Model Y Performance Dual Motor an Allrad steet op chicen opfällegen 21-Zoll-Felgen déi “Arachnid 2.0" gedeeft goufen, de Clou ass hei eng integréiert Aero-Leescht.
D’Bremsen a Fuerwierk goufen ugepasst. Awer och Fiederung a Stabilisateuren. Den dach 2 Tonne schwéieren Tesla léisst sech nawell am Alldag spilles beweegen, mat agreabeler Lenkung a Réckmeldung fir de Chauffer. Wéi sportlech e wëll ënnerwee sinn, kann, wéi esou zimmlech alles, um Touch Screen ofgeruff ginn.

Wat kascht dann den Tesla Model Y Performance?
Hei wéilt een dann op d’mannst 62.990 Euro iwwerwise kréien. D’Faarf Ultra Red schléit eleng scho mat säftegen 2.600 Euro extra zu Buch. Wéi vill Euro engem déi extra Performance wäert ass, muss jiddereen da fir sech decidéieren.
De Basis Model Y kritt ee vu knapp 40.000 Euro un.
SITE: Tesla Model Y
CRASHTEST: Tesla Model Y (2025)
