An dësem Automag hu mer e Bestseller am Alldagstest. Et ass de VW T-Roc, deen an der Automag-Redaktioun ukomm ass. E Modell, dee jo Enn 2025 komplett iwwerschafft gouf. Wéi dee sech dann esou geschloen huet, dat weess de Christian Schmit.
Jo de VW T-Roc, dee suergt am VW-Grupp fir richteg Top-Zuele bei den Immatrikulatiounen. An och mat der neister Generatioun dierft dat geléngen. Well wann de Constructeur behaapt, et wär elo alles eng Klass besser, da stëmmt dat.

Wourun erkennt een dat?
Also am direkte Verglach mam Virgänger un der Gréisst baussen a bannen, an och un der Qualitéit vun deem wat engem esou ënnert d'Fanger kënnt. Schued just, dass dat just fir déi viischt Passagéier gëllt. Un den hënneschten Diere bleift et bei haardem Plastik a wéineg Léift zum Detail.

An un neie Faarwen. Mir haten d’Canary Yellow Versioun. Mat deem fält een op, a wann een dann och nach d’R-Versioun kritt, da mécht deen T-Roc nach eng besser Figur. Also mir ass emol spontan agefall, u sech e VW Tiguan als Coupé.

Hannert dem Volant fënnt e sech gläich zurecht, a gutt am Alldag, trotz groussem Touch Screen ginn et och nees Knäppercher, fir villes ze ajustéieren an ze verstellen.
Wéi fiert e sech dann esou am Alldag?
Jo also trotz R-Versioun bleift et am Moment jo emol bei 150 PS. Op aner Versioune muss jo nach gewaart ginn. Den 1.5 e-TSI schléit sech awer net schlecht, an di Leeschtung geet och am Alldag duer. E schount och de Porte-monnaie, well op eiser Rees op di belsch Küst si mir mat 5,5 Liter ënnerwee gewiescht.

Di méi breet Spuer, e méi laange Radstand suerge fir e gudde Confort, op alle Fall déi mat u Bord waren, hunn net gemeckert. Mat bal 4m40 passt och elo méi an d'Mall fir op den Tour, jee e prakteschen polyvalenten Allrounder.

Dat do kléngt jo scho bal no hauseegener Konkurrenz?
Jo effektiv bréngt dat d'Verkafsstatisitik vu Golf an Tiguan sécher un d'Wackelen. Zemools den T-Roc di beléiften SUV-Eegeschafte matbréngt, ouni op en attraktiven Design ze verzichten. E kann definitiv villes besser wéi virdrun, just net méi Diesel- a Cabrio-Fraktioun glécklech maachen.
"Eng Klass driwwer", esou jo de Marketing-Slogan vu VW. Dat gëllt awer och beim Präis. Den Testauto hat eng Valeur vun nobäi 45.000 Euro.
Am November ass d’Produktioun vun der neier Generatioun am portugieseche Pamela ugelaf a wäert säi Wee maachen, well jo och nach aner Motorisatioune nogereecht ginn, och déi mat Plug-In Hybrid an di 300-PS-Versioun.

Internet: Volkswagen T-Roc