Kuerz Erënnerung: D'Famill Bovensiepen huet d'Mark Alpina 1965 gegrënnt, huet d'Markerechter awer u BMW verkaf. Enn 2025 ass zu Buchloe am Allgäu dee leschten Alpina vum Band gelaf. Amplaz vun der Pensioun gëtt et awer elo en neien Numm: Bovensiepen. Déi selwecht Ekipp, déi selwecht Hal, an den Zagato eben den éischten eegenen Auto.

Technesch baséiert de Bovensiepen Zagato um M4 Cabrio, dem G83. D'Ekipp aus dem Allgäu huet en zesumme mam Mailänner Designhaus Zagato erëm zréck an ee Coupé verwandelt. Iwwer 400 Deeler hu missen nei entwéckelt ginn, d'Karosserie ass zum gréissten Deel aus Karbon. Un der Front sëtzt amplaz vun de BMW-Nieren elo ee Grill aus Inox.
Och nei: den Titan-Auspuff vun Akrapovic, 22 Kilo liicht a sécher net fir d'Noperschaft gebaut.

Ënnert der Hauf de bekannte Sechszylinder: 3 Liter, Biturbo, mee vun där Ekipp iwwerschafft, déi virdru scho bei Alpina un de Motore geschrauft huet.
D'Resultat: 611 PS a 700 Newtonmeter. Dat sinn 81 PS méi wéi am M4 an och méi wéi am radikalsten M4, dem CSL. Vun 0 op 100 geet et an 3,3 Sekonnen, Schluss ass eréischt iwwer 300 km/h.

Bannen de volle Manufaktur-Programm: Lavalina-Lieder, wou de Client all méiglech Faarfkombinatioun kann erauswielen. Och d'Schaltwippe sinn nei, aus Aluminium gefräst an net wéi am M4, Plastik mat Gummi iwwerzunn.

An elo zum Test:
Dat éischt wat opfält ass den herrleche Sound: deen ass méi sat wéi beim normalen M4, méi erwuessen. An trotzdeem bläert en an den héijen Dréizuele richteg aggressiv. De Grond: wéinst der niddreger Stéckzuel muss kee Partikelfilter verbaut ginn, an dat héiert een.
611 Päerd ginn natierlech duer fir sech richteg ze ameséieren, ma wien awer ee méi liichten, méi schaarfen M4 erwaart, dee läit falsch. Beim Erausbeschleunegen aus der Kéier spiert een d'Gewiicht, mat 1.875 Kilo ass den Zagato och éischter ee Grand Tourer wéi ee Skalpell fir d'Rennstreck. Mee genau sou ass en och geduecht - de Fokus läit op laange Strecken an op Emotiounen, net op der séierster Ronn.

Dat mierkt een och um Fuerwierk. Speziell entwéckelt Damptronic-Dämpfere vu Bilstein sinn hei verbaut. Am Verglach mam Serien-M4 ass d'Ofstëmmung däitlech méi douce, ouni awer datt een u Präzisioun verléiert. Ganz éierlech: Mir hunn den Auto anstänneg gedréckt, ma iwwert d'Curbs vum Salzburgring ass den Zagato zu all Moment erstaunlech roueg bliwwen.
Fazit no 10 Ronnen: BMW Vereedelung, souwuel vum Interieur wéi och vum Motor, läit der Famill Bovensiepen einfach am Blutt.

Qualitéit huet bekanntlech säi Präis mee 369.495 Euro sinn natierlech eng Uso. Dofir kritt een Handaarbecht, onendlech Méiglechkeete fir ze individualiséieren, zwee vun de bekanntste Nimm aus der Industrie an d'Gewëssheet, ee vun nëmmen 99 Stéck ze fueren.
Ob dës Mëschung aus Handaarbecht, Zagato an Exklusivitéit duergeet, fir d'Clienten ze iwwerzeegen, dat muss de Marché nach weisen.

Internet: Bovensiepen Zagato