Wann et eng Autosmark gëtt vun där bal all Bouf dreemt, dann ass et sécherlech Ferrari. Bei mir war dat net anescht. Zanter dem klenge Bouf an elo, sinn eng Partie Jore vergaangen an ech hat d'Chance schonns e puer Ferrari ze fueren. Awer nach keen 12 Zylinder. Aktuell ginn et och just ronn zéng Marken, déi ënnert anerem een 12 Zylinder ubidden: Lamborghini am Revuelto, Maybach S680 oder nach den Aston Martin Vanquish, fir nëmmen dës ze nennen.

Bei Ferrari ass et ënnert anerem den 12Cilindri. Souwuel an der Spider wéi och an der Coupé Versioun. Deen Ament, wou ech den Test ugebuede krut, konnt ech tëscht den zwee Modeller wielen. Ech hu mech fir de Coupé decidéiert, well ech Angscht hat, datt eng Cabrio Versioun ënnert dem Ree villäicht net vill, oder manner Spaass, géif maachen. Meng Nues huet mir Recht ginn. Wärend den 3 Deeg, wou ech de Coupé hat, huet et leider praktesch ëmmer gereent an ech war frou, datt ech mech net fir d'Cabrio Versioun entscheet hat.

An der Basis kascht de Ferrari Coupé 12Cilindri ronn 400.000 Euro. Mat e puer Optiounen ass een da relativ séier un der hallwer Millioun Grenz. Mat deem Wëssen am Hannerkapp, krut ech den Auto matten a Paräis an et huet mat Eemere gereent. Et kann een et roueg als suboptimal bezeechnen, fir mat där Maschinn aus der franséischer Metropol, ënner deene Konditiounen, eraus ze fueren. Datt bei all rouder Luucht direkt den Handy gezuckt gëtt, fir eng Foto vum Auto ze maachen, huet dem Nervositéitspeegel an d'Kaarte gespillt. D‘Richterskala war no uewen op!

Iwwer d‘Autobunn ass et Richtung Reims gaangen. An der Champagne war ech schonns mat Ferrari ënnerwee an ech hat déi flott Stroossen nach a gudder Erënnerung. Ir ech awer an der Haaptstad vum Schampes ukomm sinn, hunn ech nach mussen duerch ee Peage fueren. Am Prinzip alles Easy Peasy. Awer net wann‘s de mam 12 Cilindri ënnerwee bass. Am Réckspigel gesäis de, datt am Auto hannert dir den Handy prett ass fir alles ze filmen. Schliisslech wëll ee kucken, wéi esou ee Ferrari-Mënsch de Peage bezilt. Mat bësse Chance verdéngt ee sech beim Däitschen RTL2 jo 100 Euro, wa säi Video bei den "Dümmsten Ferrari Fahrer" gewise gëtt. Ech hunn et dunn awer ouni gréisser Pann duerch de Peage gepackt. Iwwregens kascht et mat engem Ferrari net méi wéi mat engem Fiat Panda.

Nodeems déi ganz Opreegung sech dunn awer bësse geluecht hat, konnt ech mech voll op d'Fuere vum italieenesche Bolid freeën. E Bolid ass et definitiv. Ee 6,5 Liter Aggregat mat, wéi den Numm et schonns seet, 12 Zylinder. Déi loossen de Motor mat iwwer 9.000 Touren dréinen. Onnëtz ze schreiwen, datt ee Sound dobäi eraus kënnt, deen op der Auto-Audio Erotikfoire ouni Konkurrenz bleift.

De Ferrari 12Cilindri, ass eppes fir Männer. Dat rieden ech mir jiddwerfalls an. Nodeems ech mech e bëssen un den Auto gewinnt hunn, trauen ech mech och d‘Musek unzemaachen. Mea Culpa. De Motor liwwert genuch Musek. Ech ginn och direkt bestrooft, well aus de Boxen kënnt dem Midlife Chris säin "Déier am Verkéier". Ech hale mech awer nach zeréck a pushen de Champignon nach net bis un d‘Enn. Wie bremst ass feig... nee an dësem Fall net. Am Zäitalter vum Elektroauto mat Open-End kW respektiv PS, an den domadder verbonnenen Acceleratiounen vun 0 op 100, ass een zwar bal esou séier ënnerwee wéi de Kimi Antonelli a sengem F1. Emotioune bleiwen awer trotzdeem gréisstendeels aus.

Beim 12Cilindri ass dat awer anescht. De klasseschen 0 op 100 Sprint ass mat 830 PS, an 2,9 Sekonne gepackt. Op 200 ass een a 7,9 Sekonnen a bis op d‘Maximal Vitesse vun 340 Kilometer an der Stonn, hunn ech et net probéiert. Ech sinn definitiv keen Déier am Verkéier a komme mir éischter vir, wéi de Chauffeur mat Hutt.
Iergendwann, wärend engem dréchene Wieder-Slot kribbelt et dann awer a menge Schong an ech pushen de Champignon. Et ass dat selwecht d‘Glécksgefill, dat ech viru Joerzéngten hat, wou ech mäin éischte Gokart mat Pedalle geschenkt krut an de klengen Hiwwel de Kockelbierg zu Dikrech, erof gerannt sinn. Dat war, an ass elo mam Ferrari 12 Cilindri, déi grouss Fräiheet.

An de klengen Dierfer an der Champagne, wou ee Schampesproduzent um aneren ze fannen ass, ertappen ech mech ëmmer nees, datt ech op de Gas drécken ouni et onbedéngt ze mussen. Mat engem normalen Auto géif dat fir Kapprësele bei den Touristen, déi op enger Schampestour sinn, suergen. Mam Ferrari kriss de awer een Daumen erop gewisen an du bass der sécher, datt d‘Touristen owes net nëmmen iwwer de Schampes philosophéieren, mee och iwwert de Ferrari, dee si fir ee kuerzen Moment, an eng aner Klangwelt versat huet.
An de leschten 10 Joer hat ech d‘Chance, vill schéin a ganz deier Autoen ze fueren, awer den 12Cilindri war dann awer nach eppes anescht. Keen Auto deen ech bis elo hat, gouf esou dacks ënnerwee fotograféiert. Iwwer keen Auto gouf ech am Frëndeskrees esou ausgefrot, wéi iwwer dëse Ferrari. Ferrari bleift eebe Ferrari.

Den éischte Ferrari, deen 1947 op de Maart koum (Ferrari 125S), hat bei engem 1,5 Liter Motor och 12 Zylinder ënnert dem Capot. Den Enzo Ferrari wier bestëmmt houfreg drop, datt weider u senger Visioun vum 12 Zylinder Aggregat, zu Maranello festgehale gëtt.
Dräi Deeg Ferrari fuere gi séier eriwwer. An ënnert dem Ree sinn ech frou, datt d‘Päerd nees sécher am Stall ass. Mam TGV geet et zeréck vu Paräis op Lëtzebuerg. Aus lauter Langweil kucken ech um Handy, wéi séier esou ee Zuch iwwerhaapt ka fueren. Äntwert vu Wikipedia: 320 km/h. Bësse lues vis à vis vu "mengem" Ferrari, awer méi séier wéi mäin éischte Gokart.

INTERNET: Ferrari 12Cilindri