Automag: Am AlldagstestKia K4

Tom Nols
De Marché an der Kompaktklass ass ëmkämpft. Mam K4 schéckt KIA en eckege Verbrenner als Nofollger vum Ceed an d'Course.

Säi Virgänger ass am Alldag kaum opgefall. De K4 dogéint ëmsou méi mat sengem sougenannte "Starmap"-Design, dee vill extrovertéiert Ecken a Kanten opweises huet. Geduckt an nawell breet kënnt de Koreaner dohier, dee mat senge 4,44 Meter kee Klengen ass. Déi ronn 12 Zentimeter méi am Verglach zum Virgänger kommen dem Interieur ze gutt. Och do geet et, zum Deel, futuristesch zou.

Futuristeschen Design, deen opfält
Futuristeschen Design, deen opfält
© Tom Nols

Baussen

De laange Radstand vun 2,72 Meter suergt fir gutt Plazverhältnisser, vir wéi hannen. Déi viischt Sëtzer si bequeem a bidde gudde Säitenhalt, woubäi d'Sëtzpositioun och an der niddregster Positioun subjektiv als éischt héich empfonnt ka ginn. Déi hell Applikatioune vun de Sëtzer an der getester GT-Line-Versioun dierfte mat der Zäit wuel méi däischter, op alle Fall liicht knaschteg ginn. Bei der aktueller Hëtzt ass d'Ventilatioun vun de Sëtzer eng Optioun, déi Freed mécht. Hanne sëtzt een och mat 1,86 Meter gutt am K4, dee sech praktesch a variabel presentéiert. D'Sëtzer loosse sech getrennt ëmleeën, de Buedem ass duerno quasi flaach an et ass och eng Duerchreech fir laang Objeten installéiert. Am Normalfall gi 438 Liter an d'Mall, bei ëmgeluechte Sëtzer sinn et der 1.217, beim Mild-Hybrid sinn et der rëm 110 manner. Den optionalen Toit ouvrant wierkt just vu bausse riseg. Bannena knabbert en e bësse vun der Kappfräiheet wech.

Am Kia K4 hunn och grouss gewuesse Leit genuch Plaz
Am Kia K4 hunn och grouss gewuesse Leit genuch Plaz
© Tom Nols

Bannen

Am éischte Moment muss ee kuerz kucken, wou wéi e Knäppche sëtzt. Mee dann huet ee sech och schonn dru gewinnt. Mam Kia K4 gëtt ee gréisstendeels intuitiv eens an den ccNC-Infotainment-System (Connected Car Navigation Cockpit) ass um neiste Stand. Wien trotzdeem Hëllef brauch, kritt déi vum Sproochassistent. De K4 huet sëllegen Assistenz- a Warnsystemer u Bord - souvill, datt et an engem Stéck iergendwou piipst. Dat nervt. Eng praktesch Saach sinn déi zwou Kameraen, déi e Bild an den Haaptdisplay ablenden, wann een e Winker umécht. Domat ass en doudege Wénkel quasi net méi méiglech. Positiv fält och op, dass et nach (oder rëm) eng Partie klassesch Knäppercher gëtt fir déi verschidde Funktiounen. Et ka sou schéi sinn. Negativ dogéint ass, datt d'Wäerter vun der Ventilatioun, déi um mëttele vun den dräi digitalen Ecranen ugewise sinn, vum Steierrad verdeckt ginn. An apropos Renkel: eng Rei vun de Knäppercher um Steierrad bidden net wierklech gudde Grip. Verschafft ass den Interieur gutt, plazeweis wierkt de Plastik awer éischter präiswäert.

Mat där Funktioun ass en doudege Wénkel quasi net méi méiglech
Mat där Funktioun ass en doudege Wénkel quasi net méi méiglech
© Tom Nols

Ënnerwee

Fueren deet sech de K4 vu Kia wéi e ganz normale Kompaktwon, wann ee sech bis un dat véiereckeg ausgeluechte Steierrad gewinnt huet. De K4 huet e gefällegen, liicht sportlechen Handling an ënnersteiert brav, wann et un d'Limitte geet. E Bonuspunkt kritt e fir seng gutt Bremsen. D'7-Gang-Boîte, déi via Duebelkupplung geschalt gëtt, ass heiansdo net déi séierst, mécht generell awer Freed, besonnesch wann ee mat de Palletten hannert dem Steierrad manuell schalt. De geteste 1.600er Turbo-Véierzylinder mat 150 Päerd dogéint net esou. Virun allem net op der Tankstell. E Verbrauch vu 7,5 Liter ass net méi zäitgeméiss. De Motor huet kee Mild-Hybrid u Bord. Mat engem liichte rietse Fouss geet et awer och mat knapp iwwer 6 Liter.

18 Zoll Felgen sinn an der GT-Line Serie
18 Zoll Felgen sinn an der GT-Line Serie
© Tom Nols

Tariffer

De Kia K4 gëtt et vu 26.678 Euro un an et si mat Pulse, Pure, Pace a GT-Line véier verschidde Gammen zur Auswiel. 2 Bensinner an e Mild Hybrid, déi tëscht 115 an 180 Päerd leeschten, si liwwerbar. De getesten Auto kascht knapp 41.000 Euro. Topp si bei KIA déi 7 Joer Garantie. Wie wëllt, kann de K4 entretemps och als Sportswagon, also als Kombi, bestellen.

En eeschte Konkurrent an der Klass vu de Kompakten
En eeschte Konkurrent an der Klass vu de Kompakten
© Tom Nols

Verdikt

Zu de Pluspunkte vum Kia K4 gehéieren de groussen Interieur, d'Sécherheets- an Assistenzsystemer, grad esou wéi den Infotainment an déi variabel Mall. Haptesch Knäppercher op de richtegen a wichtege Plaze gefale gutt, grad esou wéi d'Bremsen. Negativ opgefall sinn d'Steierrad, dat munch Informatioun vum Tableau verdeckt, de Verbrauch a ganz vill Gepiips, dat zum Deel, wann een et wëllt ausschalten, bei all Start nei muss ausgeklickt ginn.

Back to Top
CIM LOGO