230 Milliounen Euro investéiert Lëtzebuerg a Projeten, fir d’Mobilitéit tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ze verbesseren. Et misst weider investéiert ginn souwuel vu Lëtzebuerger Säit wéi vu Franséischer, ass e Mëttwoch op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Transportministesch Backes an dem President vun der Regioun Grand Est betount ginn. Virun allem op de Schinne ginn Investissementer gemaach, huet d’Yuriko Backes präziséiert:
Pro Zuch solle bis 2030 1.000 Sëtzplazen disponibel sinn. Iwwerdeems war et nach d’Prezisioun, datt déi nei Ligne tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg, déi eigentlech eréischt 2028 sollt fäerdeg sinn, Mëtt 2027 prett soll sinn.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vun der Regierung
Entre la France et le Luxembourg: La capacité des trains va doubler en cinq ans