Ënnert anerem goufen d’Leitplanke lescht Woch fixéiert. De Gros vun den Aarbechte sinn zanter Enn leschtem Joer ofgeschloss. Virun allem de Bau vun de 4 Brécke war zäitopwänneg.
Am Mee fänkt eng nei Etapp un. Da wäert déi éischt vun am Ganzen 3 Spuere fir den Trafic opgoen. Enn 2020, Ufank 2021 wäert de ganze Rond-point operationell sinn. Dëse soll den Trafic méi fléissend maachen.
Den neie Rondel huet en Duerchmiesser vun 135 Meter a besteet aus 6 Accèsen. En ass mat deem vum Irgäertchen ze vergläichen.
De neie Kreesverkéier tëscht Diddeleng a Beetebuerg huet spéider eng Kapazitéit vu 40.000 Autoen den Dag a gëtt ouni rout Luuchten gereegelt. Och eng Vëlospist gëtt laanscht de Rond-point amenagéiert. 51 Milliounen Euro kascht dëse Projet.
RTL-Artikel: Am Mee geet déi éischt vun 3 Spueren am neie Rond-point op